Bis 2021
D’Arméi soll an Zukunft zwee nei Helikoptere vum Typ H145M kréien, déi awer och vun der Police solle genotzt ginn.

Am Januar huet de Regierungsrot de Kaf vun zwee Militärhelikopteren ofgeseent, déi am Kader vun der Verdeedegungspolitik bis 2025 sollen ugeschaaft ginn. Dës zwou Maschinne sollen net nëmme vun der Arméi, mä och vun der Police kënne benotzt ginn, domat dierfte sech fir d’Police méi villsäiteg Asazméiglechkeeten aus der Loft erginn.
Déi Orange an däischter Blo Maschinn, déi de Moment fir d’Police-Asätz flitt, gehéiert dem Staat a gëtt der Police zur Verfügung gestalt. Mat der Luxembourg Air Ambulance SA LAA huet een e Contrat d’Exploitation, och de Pilot ass Salarié vun der LAA a kee Polizist, äntwert de Policeminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Ufro.
Dëse Kontrakt garantéiert der Police eng Disponibilitéit vum Helikopter u Wochendeeg, um Weekend an u Feierdeeg tëscht 6 an 22 Auer, déi Auerzäiten un deenen och de Fluchhafen op ass. Nuetsflich sinn zwar generell méiglech, mussen awer aus organisatoresche Grënn am Virfeld geplangt an ugefrot ginn. D’Pilote vun der LAA maache keng Permanencen
Mat der Uschafung vun deenen zwou neie Maschinne vum Typ Airbus H145M, déi fir 2020-21 geplangt ass, soll sech vill änneren: 24 Stonnen op 7 Deeg soll den Asaz méiglech sinn, d’Police wäert fir de ganze Fonctionnement en neit Konzept ausschaffen, dozou gehéiert och d’Noutwendegkeet vun eegene Piloten ze evaluéieren.
Den H145M ass e polyvalenten Helikopter, den M an der Bezeechnung steet fir déi militäresch Versioun, d’Maschinn kann nieft de Piloten nach 9 weider Persounen transportéieren. Agesat gëtt d’Maschinn zum Beispill scho bei der Spezialunitéit KSK vun der däitscher Bundeswehr. Nieft dem takteschen Transport vun Zaldote gehéiert hei och Feierënnerstëtzung aus der Loft zu sengen Aufgaben, Opklärung bei Dag an Nuecht grad ewéi d’Evakuéiere vu Blesséierten. Opfälleg ass dem H145M säin ëmmantelten Heckrotor, wouduerch d’Maschinn eng vun deene rouegste vun hirer Zort ass. Wéi gesot, 2020-21 sollen déi zwou Maschinnen dann och hei am Land der Force Publique zur Dispositioun stoen.