PRESSE RTL.lu Etienne Schneider iwwer Bodry-Ausso a Policereform

Leschten Update: 12.06.2018, 09:00:00

Invité vun der Redaktioun (12. Juni) – Etienne SchneiderDen Alex Bodry huet sech e bësse schlecht ausgedréckt

Invité vun der Redaktioun war de Vizepremier a Wirtschaftsminister.

Den Alex Bodry huet sech e bësse schlecht ausgedréckt, sot um Dënschdeg de Moien den Etienne Schneider, LSAP-Spëtzekandidat, iwwer d’Ausso vum sozialistesche Fraktiounschef e Méindeg. Deen hat gemengt, de blo-rout-grénge Projet wär eriwwer.

„Kee blo-rout-grénge Projet méi“ – Politiker reagéieren op d’Aussoe vum Alex Bodry.

Den Etienne Schneider, deen um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war, war och e bëssen erstaunt iwwer d’Ausso. Hien huet och mam Alex Bodry geschwat. Deen hätt ëm erkläert, en hätt wéilten domadder soen, datt een zesumme wollt de Reformstau opzeléisen, datt ee wollt d’Finanzen an den Equiliber bréngen. Et hätt een also – zu 3 – zesummen e Projet gehat, dat wär realiséiert ginn. Vun deem Standpunkt aus kéint ee soen, dat wär erleedegt.

Den LSAP-Spëtzekandidat leet sech also net fest. De Sondagen no géif d’Zoustëmmung fir dës Regierung zouhuelen, d’CSV géif an der Wielergonscht verléieren, dofir seet hien why not mat der 3er-Koalitioun weider fueren, wann ee re-confirméiert géif ginn an d’Gemeinsamkeeten an de Programmer do sinn. Déi grouss Parteien hei am Land kéinte mateneen. Mat der ADR kéint d’LSAP net zesumme schaffen, do wären d’Ënnerscheeder ze grouss.

Wat seng Relatioun mat deene Gréngen ugeet, géif villes iwwerbewäert ginn. Just well een op engem Dossier net eens wär, géif dat net heeschen, datt een net matenee kann, sou den LSAP-Wirtschaftsminister.

 

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen