PRESSE RTL.lu Méi Proximitéit mat der Police-Reform

VIDEO: Chamber

Nieft der Policereform stoung och nach d’Naturschutzgesetz an eng Froestonn iwwer d’Iwwerschwemmungen um Ordre du jour.

Leschten Update: 13.06.2018, 07:13:19
Mat 32 Jo-Stëmme gouf d’Policereform an der Chamber ugeholl. 10 Joer wier dovu geschwat ginn, datt d’Police misst reforméiert ginn, de Wee wier e laangen an d’Reform batter néideg gewiescht, dat huet d’Rapportrice vum Projet de Loi iwwert d’Policereform Claudia Dall’Agnol um Krautmaart betount. „Ech sinn d’Accord domat, datt d’Reform net jidderengem zu 100 Prozent gefält, mä et kann awer zeréckhalen, datt se d’Police e gutt Stéck no vir bréngt“ dat sot de Policeminister Etienne Schneider um Krautmaart. Mat der Reform kritt ee méi Präsenz um Terrain duerch eng besser Organisatioun an och méi Moyene fir d’Police.

Neierdéngs sollen 13 Kommissariater 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 op hunn. Weider Kommissariater empfänken d’Bierger tëscht 7 Auer moies an 21 Auer owes.

“Etienne Schneider: “Méi accessibel fir d’Bierger”

Et war eng schwiereg Reform”, huet de Ressortminister Etienne Schneider gesot. Wëll vill Akteuren aus dem Policewiesen, de Personalvertriedungen, de Gemengen an der Justiz implizéiert goufen. “A mir hunn duerno tranchéiert”, esou de Minister. D’Zil wier et jiddefalls, méi Léit um Terrain ze hunn, a sech generell méi legal a budgetär Moyenen ze ginn. An et géif een “e Waasserkapp” ofbauen.

Dofir gëtt d’Direktioun vun der Police reorganiséiert. An d’Kräfte gi gebündelt mat engem nationale Service vun der Police judiciaire, déi dann eenzel Antenne kritt.

D’Poliziste kréien dann och nei Karriäresméiglechkeete mat enger Opdeelung a Redakter a Bachelor-Karriären. An d’Kompetenze gi gestäerkt, fir méi einfach Fouillen an Identitéitskontrolle kënnen duerchzeféieren.

Fir d’Bierger huet de Minister och dës Neierung ervirgestrach. Vu nächste Mount u soll et eng Internet-Plattform ginn, fir kriminell Aktivitéite séier online mellen.

Kritik vun der Oppositioun bleift

Anescht wéi d’Regierung gesäit déi gréissten Oppositiounspartei keng wesentlech Verbesserung am Gesetz, weder fir d’Sécherheet nach fir d’Proximitéitsaarbecht vun der Police. D’CSV war net d’Accord domat, datt d’Commissariats de proximité zougemaach ginn an och net domat, datt de sougenannte „Platzverweis“ net am neie Gesetz virgesinn ass.

Och den ADR huet dee Punkt am Gesetzestext vermësst, betount de Fernand Kartheiser.

Den Deputéierte vun déi Gréng Henri Kox betount allerdéngs, datt ee Platzverweis net sënnvoll ass.

Mat CSV a ADR hunn zwou vun den dräi Oppositiounsparteie géint de Projet de Loi gestëmmt. De Policeminister fënnt et schued, datt d’CSV déi batter néideg Reform net matgedroen huet.

Déi 3 Amendementer, déi d’CSV deposéiert huet, goufen ofgeleent. Déi Lénk hu sech beim Vott iwwert de Projet de Loi enthalen. Och wann d’Reform néideg gewiescht wier, wier se staark gepräägt vun der Ambiance, déi d’Attentater an den Nopeschlänner hannerlooss hätt, huet den Deputéierten David Wagner betount.

Eisen Invité vun der Redaktioun an zoustännege Policeminister Etienne Schneider ass an eiser Emissioun vum Dënschdeg de Moienop d’Policereform agaangen

Naturschutzgesetz ugeholl
Ugeholl gouf och dat neit Naturschutzgesetz. D’Deputéiert vun den dräi Regierungsparteien, souwéi Déi Lénk hu fir den Text gestëmmt. D’CSV an d’ADR hunn dogéint gestëmmt.

De Vote war op en Dënschdeg reportéiert ginn, nom onerwaarten Doud vum Staatssekretär Camille Gira, de 16. Mee. A senger Plaz huet am Plenum d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Gesetztext verdeedegt. Eng vun de wichtegsten Neierungen am Naturschutzgesetz sinn d’Kompensatiounsmesuren.

Froestonn Iwwerschwemmungen

Och d’Iwwerschwemmunge vun de leschten Deeg waren Thema während der Froestonn un d’Regierung. Den ADR-Deputéierte Gast Gybérien wollt wëssen, wéi et a Punkto Hëllefe vu Säite vun der Regierung ausgesäit fir den Tourismussecteur. Méi spezifesch fir déi Leit, déi net direkt duerch d’Wiederen e Schued haten, mee indirekt betraff sinn, zum Beispill wëll Stroossen ronderëm zou sinn an och nach eng Zäit laang bleiwen. D‘ Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, Francine Closener huet erkläert datt de Mëtteg eng Reunioun mam Office regional de Tourisme vum Mëllerdall wier, wou de Point soll gemaach ginn, wien alles vun den Iwwerschwemmunge betraff ass an a wéi wäit. Bis elo hätten sech 22 Betriber beim Ministère gemellt. D’Francine Closener huet drop opmierksam gemaach datt dat neit Bäihëllefegesetz fir kleng a mëttelgrouss Betriber an den nächste Méint an der Chamber wäert gestëmmt ginn. Doran wier explizit virgesi bei enger Naturkatastroph bis zu 100% vum Schued ze rembourséieren. An deem Gesetz wier och virgesinn datt e Betribsausfall kann duerch de Staat kompenséiert ginn, sou d’Francine Closener. Och den Henri Kox huet déi uerg Iwwerschwemmungen ugeschwat an drop opmierksam gemaach datt de Klimawandel och bei eis ukomm wier. Hie wollt vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wëlle wéi een sech un dee Klimawandel upasse kann, a wat genee vu Preventiounsmoossnamen um Terrain kann ëmgesat ginn. D’Carole Dieschbourg huet ënnert anerem erkläert datt eng Risikokaart géing erstallt ginn, fir de Beräich vum staarke Reen. Am Kader vum Waassergesetz wier e groussen Deel vun der Preventioun mat dran: Renaturéierung oder awer beim Plange vun neien Industriezonen oder Wunnengen dem Waasser genuch Plaz ze ginn.

Froestonn Fleegeheem

De Streik am Fleegeheem „An de Wisen“ zu Beetebuerg war Sujet an der Chamber am Kader vun der Froestonn un d’Regierung. Souwuel den LSAP-Deputéierte Georges Engel, wéi och den Deputéierte vun Déi Lénk, Marc Baum wollte wëssen, wéi et am Secteur vun de Soine soll a ka weider goen.

Um Dënschdeg ass antëscht schonn de 6. Dag vun dem Streik, deen de Marc Baum fir Lëtzebuerger Verhältnisser „historesch“ genannt huet. De Sozialminister Romain Schneider huet betount, datt hien net domat averstanen ass datt nach keen Accord fonnt gouf. Et misst elo e Punkt gemaach ginn an d’Situatioun vun den Haiser analyséiert, d’Fonge vun den Haiser ënnert d’Lupp geholl ginn. De Romain Schneider huet ënnerstrach, datt eng Differenziell besteet, a wann een déi wéilt opfänken, ee se fir jidderee misst opfänken, an da misst ee kucken, wéi eng finanziell Moyenen een hätt, fir dat ze maachen. Op alle Fall misst eng Decisioun falen, fir datt de Streik en Enn fënnt, sou nach de Sozialminister.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen