Policereform
Leschten Update: 04.07.2018, 06:25:47
Den deementspriechende Gesetzprojet gouf en Dënschdeg an der Chamber mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien a vun déi Lénk ugeholl.

An Zukunft ass d’Generalinspektioun vun der Police eng komplett onofhängeg an onparteiesch Instanz par Rapport zu de Police. De Posten vum Inspecteur général vun der Police ass zum Beispill an Zukunft reservéiert fir een Magistrat.
E Fait, dee souwuel vun der CSV, wéi och vun der ADR kritiséiert gouf. Donieft duerf een net méi als Member vun der IGP zeréck wiesselen an d’Police an et muss ee sech op d’mannst 10 Joer engagéieren fir do ze schaffen.
D’Police vun der Police wäert och weiderhin dem Policeminister ënnerstoen an donieft déi selwecht Aufgaben erfëllen wéi och schonn haut. Dat heescht och weiderhin de Fonctionnement vun der Police kontrolléieren, op Reklamatioune vun baussen agoen, déi géint d’Police gemaach ginn, fir d’Effikassitéit ze kontrolléieren an fir Enquête judiciaires duerchzeféieren, wann et ëm eng Strofdot geet, an déi een Member vun der Police implizéiert ass.
Gestëmmt gouf en Dënschdeg och dat neit Disziplinargesetz. Et gouf mat 56 Stëmmen ugeholl, bei 3 Enthalungen.
Programm um Mëttwoch
Um Mëttwoch stinn an der Chamber net manner wéi 6 Gesetzprojeten zum Vott, dorënner d’Reform vum Prisong.
Eent vun den Haaptziler dovun ass eng besser sozial Reinsertioun vun dem Inhaftéieren, wa se aus dem Prisong kommen. An Zukunft sollen och d’Responsabilitéite kloer getrennt sinn. Op där enger Säit d’Exécution des peines, déi ënnert d’Responsabilitéit vum Parquet Général fält, an op där anerer Säit d’Politik an d’Gestioun vun de Prisongen, déi vun der Administration Pénitentiaires garantéiert gëtt.