VIDEO:
De reforméierte Staatsexamen mécht d’Beruffer a Police an Arméi méi onattraktiv, beklot d’Gewerkschaft vun der Force Publique SPFP.
Et ass scho vill méi attraktiv, wann een ee Mol de Mount de Staatsexame ka maachen, wéi dat aktuell de Fall ass. Dofir muss och elo gekuckt ginn, fir bei Police oder Arméi méi Examen unzebidden, wou een och d’Matière eng Kéier misst iwwerdenken, well am neie Staatsexamen d’Matière op d’Kopp gehäit gouf a ganz aner Saache gefrot ginn. Bei Police an Arméi misst et ugepasst ginn, fir kompetitiv an interessant ze ginn, well a béide Beräicher feelen am Moment d’Leit.
An der Arméi misst een d’Méiglechkeet hunn, d’Première ze maachen, en plus sollt an de Schoulen eng nei Filière agefouert ginn an där konkret op e spéideren Job an Uniform higeschafft gëtt. An der Regierung wier ee mat de Propose bis elo op daf Ouere gestouss, esou de Pascal Riquier, zanter em Dënschdeg neie President vum SPFP.
04. Juli 2018 em 07:30
Journal
SPFP fuerdert a Schoulen eege Filière fir Beruffer an Uniform