PRESSE RTL.lu Keng Infoe fir Public, bis Enquête ofgeschloss

VIDEO – Bouneweg/Lausduer

Am September gëtt dann och e Pilotprojet a Saache Bodycame fir Poliziste virgestallt.

An enger gemeinsamer Sëtzung vun der juristescher Chamberkommissioun an der Chamberkommissioun vun der Force publique gouf d’CSV, déi déi d’Reunioun gefrot hat, en Dënschdeg de Mëtten dem Laurent Mosar no wéineg gewuer iwwert d’Tëschefäll mat Polizisten zu Bouneweg a bei Lausduer.
D’Ministere Felix Braz an Etienne Schneider hu sech an deem Zesummenhank op de Secret de l’instruction beruff; de Public géif gewuer ginn, wat do geschitt ass, wann d’Enquête ofgeschloss ass, huet de Minister fir d’bannenzeg Sécherheet erkläert. No der Sëtzung huet de Justizminister Felix Braz vun engem laxen Ëmgank vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar mat der Gewaltentrennung geschwat.
Soss war et d’Informatioun, dass am September e Pilotprojet virgestallt gëtt a Saache Bodycame fir Polizisten, spréch kleng Kameraen, déi um Kierper festgemaach ginn. Donieft sollen, d’selwecht wéi fir d’Hëllefsdéngschter, och bei Aggressioune vu Polizisten d’penal Strofen an d’Luucht gesat ginn.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen