Accident zu Lausduer
E Reportage vun RTL Radio Lëtzebuerg iwwer de béisen Accident virun 3 Méint zu Lausduer am Éislek huet elo onerwaarte Suitten.

De Journalist Nico Graf ass vun engem Beamte vun der Police judiciaire invitéiert ginn, mat him Kontakt opzehuelen, fir e Rendez-vous ze fixéieren. Op Nofro sot de Beamten, de Parquet Dikrech hätt eng Enquête ordonnéiert. De Journalist soll als Zeie gehéiert ginn.
Et geet ëm e Reportage vum 13. Juli, wou et bis ewell onbekannt Informatiounen iwwer de schlëmmen Accident tëschent zwee Police-Autoe gouf. Notamment goung et ëm déi hektesch Course-poursuite, um Enn vun där den Accident geschitt ass, bei deem virun 3 Méint e Polizist verscheet an eng Beamtin ganz uerg blesséiert gi war.
Pour Rappel: En Dënschdeg war eng gemeinsam Sëtzung vun zwou Chamberkommissiounen, déi d’CSV gefrot hat. D’Deputéiert wollten ënner anerem méi iwwert den Accident zu Lausduer gewuer ginn, kruten awer ganz wéineg Informatiounen. D’Ministere Felix Braz an Etienne Schneider hu sech op de Secret de l’instruction beruff, de Public géif gewuer ginn, wat am Éislek geschitt ass, wann d’Enquête ofgeschloss wier, huet de Minister fir d’bannenzeg Sécherheet explizéiert.
RTL-News: Bouneweg/Lausduer: Keng Infoe fir Public, bis Enquête ofgeschloss