PRESSE RTL.lu Schüler aus Police-Schoul hu Brécke reparéiert

Hëllef fir de MëllerdallSchüler aus Police-Schoul hu Brécke reparéiert

80 Schüler a Schülerinnen aus dem 1. Joer Police-Schoul hunn op Eegen-Initiativ bei Beefort gehollef, Brécken ze reparéieren.

© Office Régional du Tourisme Région Mullerthal – Petite Suisse Luxembourgeoise

Eng speziell Hëllefsaktioun gouf et e Méindeg an en Dënschdeg am Mëllerdall. Policeschüler hu sech zwee Deeg laang als Handwierker nëtzlech gemaach. No den Iwwerschwemmungen an den Wiederen de leschte Mount ware vill Wanderweeër a Brécken an engem desolaten Zoustand.

Op der Plaz sot d’Staatssekretärin Francine Closener, déi Hëllefsbereetschaft wier méi wéi wëllkomm gewiescht.

Wat den Tourismus ubelaangt, hätte schonn 30 Betriber no den Iwwerschwemmungen Hëllef beim Staat ugefrot.

13 krute scho Geld iwwerwisen. Am Ganzen ass schonn eng Millioun gefloss.

Am Asaz virum Asaz

Vill geschweesst a vill geschafft gouf am Mëllerdall. 82 Policeschüler a -schülerinne waren net wäit ewech vum Beeforter Schlass am Asaz. Do hu si gehollef, 4 Brécken ze bauen, ier si an de Stage ginn.

Ronn 100 Brécke waren no den Iwwerschwemmunge futti a ronn d’Hallschent vun de Wanderweeër, eng gutt 70 waren an engem schlechten Zoustand. An dat an der Touristesaison.

D’Sandra Bertholet vum Office régional du tourisme Mëllerdall: „Juni, Juli an August maache 75% vun den Iwwernuechtungen op de Campinger aus. Dofir hu mir Gas ginn an direkt mat den Aarbechten ugefaang.“

Sou gutt ewéi all d’Weeër wieren ewell rëm an der Rei oder et hätt een eng Deviatioun fonnt. Ma virop Hotellen, Restauranten an aner Betriber hat de Stuerm schwéier getraff.

D’Francine Closener, Staatssekretärin am Wirtschaftsministère: „30 Betriber hu sech beim Wirtschaftsministère gemellt, fir eng Entschiedegung ze kréien. 13 sinn der schonn ausbezuelt ginn, mä dat ass nach net alles.“

Et bleift nach villes ze flecken an opzebauen, ma de Mëllerdall kuckt positiv an d’Zukunft. „Et geet biergop“, déi Wieder si bei dëser Aktioun méi dacks gefall.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen