PRESSE RTL.lu Affär Policeschüler geet zréck bei den Etienne Schneider

Uerteel Verwaltungsgeriicht

„Den Tribunal administratif gesäit de Recours als justifizéiert un.“

„En annuléiert dofir d’Decisioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet vum Mäerz zejoert, fir engem Policeschüler säi Statut z’entzéien. D’Affär huet bei den Etienne Schneider zréckzegoen“: Sou heescht et an engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht.

Ugefaangen hat dës Affär, wéi de Minister fir bannenzeg Sécherheet am August 2015 e Policeschüler doriwwer informéiert hat, dass hien deem dee Statut entzéie wéilt.

Am Februar 2015 war e Procès-verbal géint de Policeschüler erstallt ginn, well dee virun enger Disko e Messer bei sech gehat, ze vill gedronk gehat, sech mat anere Leit ugeluecht gehat a sech mat deenen zerklappt gehat hätt. De Policeschüler hat den Etienne Schneider am August 2015 an engem Bréif gebieden, him de Statut vum Policeschüler net z’entzéien; nawell hat de Minister dem Mann de Mount drop genee déi Decisioun matgedeelt, ë.a. well hie sollt de Prozess gemaach kréien. Am Dezember 2015 war de Policeschüler dowéinst op d’Verwaltungsgeriicht gaangen. Den Tribunal administratif hat dem Etienne Schneider seng Decisioun am Januar zejoert annuléiert, ma deen am Mäerz d’lescht Joer via ageschriwwene Bréif dem Policeschüler de Statut op en Neits entzunn, réckwierkend op September 2015. Am Mee zejoert hat de Mann dofir nach emol d’Verwaltungsgeriicht saiséiert.

Fir d’Riichter gouf am 1. Uerteel festgehalen, dass de Minister e Feeler an der Beuerteelung vun de Faite gemaach hat, déi zur Annulatioun vu senger Decisioun gefouert hat. Et wär aus kengem Element vum Dossier ervirgaangen, dass eng Infraktioun bis hin zu engem versichten Doudschlag virloung; de Minister hätt sech bei senger Entscheedung op Faite baséiert, déi net etabléiert waren. Den Etienne Schneider hätt awer eng Decisioun vun enger gewësser Gravitéit vis-à-vis vum Policeschüler geholl, a well de Staat keen Appell géint dat 1. Uerteel gemaach hätt, kéint hien dat net iwwergoen. Wéi dem Mann säi Statut op en Neits entzu gouf, hat d’Situatioun net changéiert par Rapport zu där vum September 2015; de Minister hätt seng Decisioun dofir net nach emol kënnen huelen, well et keen neit Element gouf. D’Decisioun vum Etienne Schneider vum Mäerz 2017, fir dem Policeschüler säi Statut op en Neits z’entzéien, wär dowéinst z’annuléieren; dës Decisioun wär och auszesetzen, fir den Zäitraum vun engem méiglechen Appell.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen