Vum 1. August a Kraaft
Donieft kritt och d’Generalinspektioun vun der Police, also d’Police vun der Police, en neie gesetzleche Kader.

Virun 18 Joer goufe Police a Gendarmerie zesummegeluecht. Vum 1. August 2018 un trëtt eng weider Policereform a Kraaft, déi d’Police nei opstellt. Aus 6 Asazregioune ginn der 4, an 13 Kommissariater iwwer Land gëtt ronderëm d’Auer an engem Dräi-Schichte-System vun de Beamte geschafft. Dëst ass ënnert anerem zu Réimech, Esch, Diddeleng, Mamer a Miersch de Fall.
De Roy Grotz resuméiert d’Eckpunkte vun der Policereform.
De Polizist soll méi no beim Bierger sinn, mä um Beispill vum Policebezirk Stad gëtt och mat Bodycams a Surveillance-Kamerae geschafft, fir potentiell geféierlech Hot-Spoten z’iwwerwaachen. Leider awer geet d’Zuel vun den Drogendealer op Plaze méi séier an d’Luucht, wéi déi vun de Beamten. Ënnert dem Motto „zesumme fir iech“, wëll d’Police deem awer entgéint wierken.
Alles an allem ginn et an Zukunft 53 Kommissariater am Land, der 13 dovunner ronderëm d’Auer an 7 Deeg op 7 op an och mat Beamten besat, dëst waren déi fréier CIen, also d’Interventiounszentren.
Déi aner 40 fusionéiert Kommissariater kréien wochendags méi laang Ouvertureszäiten tëscht 7 an 21 Auer, sou datt et och méi einfach wäert ginn, fir sech do kënnen e Rendez-vous ze huelen.
D’Reform huet och als Zil, datt méi Patrullen um Terrain kënne gefuer ginn, dat vrun allem moies an och am fréien Owend, wann dee meeschten Trafic rullt.
Och d’Police judiciaire gëtt nei organiséiert mat engem Mammenhaus an der Stad, an nach 3 aneren Servicer vun der PJ zu Esch, Dikrech a Maacher. Dës nei Approche soll och d’Zesummenaarbecht tëscht der PJ an de Policekommissariater verstäerken.
D’Police ass e reegelrechten Betrib, e Prestataire de Service, dee präzis a no strenge Reegele muss gefouert ginn, dat mat engen 2.340 Police-Beamten, Zivilisten a Volontairen an engem Fuerpark vu bal 870 Gefierer. Ze dinn gëtt et genuch mat zejoert engen 36.700 Strofdoten, déi traitéiert goufen, déi meescht dovunner Abréch. D’Police huet e Budget vu ronn 207 Milliounen Euro.
Neit Gesetz fir Generalinspektioun vun der Police

Op den 1. August trëtt och d’Gesetz iwwert d’Generalinspektioun vun der Police, der IGP a Kraaft. Zanter dem Joer 2000 ass d’IGP dat externt Kontrollorgan vun der Police, also d’Police vun der Police, an huet als Missioun där hir Aktivitéiten z’iwwerpréiwen. Vun dëse Mëttwoch un huet d’Inspection générale de la police hiert eegent Gesetz. Si gëtt domat eng onofhängeg an eegestänneg Administratioun mat eegenem Personal a Budget.
D’Direktioun setzt sech zesummen aus engem Generalinspekter, den aus der Magistratur kënnt an engem Vize-Generalinspekter, deen aus de Reie vun der Police kënnt. Nei ass och, dass d’Beamte vun der IGP kee Poste méi bannent der Police kënnen ustriewen, och ginn hir Kompetenzen erweidert. Wéi et an engem Communiqué vun der Generalinspektioun vun der Police heescht, gëtt d’Roll vun der IGP als onofhängegen Observateur am Beräich vun der bannenzegster Sécherheet verstäerkt. Den Déngscht um Bierger soll iwwerdeems weiderhin heegste Prioritéit hunn.
Une nouvelle base légale pour l’Inspection générale de la police / Eine neue gesetzliche Basis für die Generalinspektion der Polizei (01.08.2018)
Communiqué par: Inspection générale de la police
Le 1er août 2018 la loi sur l’Inspection générale de la police (IGP) du 18 juillet 2018 est entrée en vigueur.
Chargée depuis 2000 du contrôle du fonctionnement de la police, l’IGP
• fait l’objet d’une loi spécifique;
• est érigée en une administration indépendante et autonome dotée d’un personnel et d’un budget propres;
• est dotée d’une direction composée d’un inspecteur général issu de la magistrature et d’un l’inspecteur général adjoint issu du cadre policier;
• applique le principe du «non-retour» par lequel l’ensemble du personnel de l’IGP ne pourra plus briguer de poste à la police;
• voit ses missions actuelles précisées et confortées, mais s’en voit également confier de nouvelles, telle l’instruction des affaires disciplinaires visant le cadre policier de la police ainsi que les fonctionnaires-stagiaires.
La réforme constitue une étape fondamentale pour souligner son indépendance par rapport à la police et amplifier l’impact de son travail sur la qualité du service policier.
L’IGP sera davantage un observateur indépendant dans le domaine de la sécurité intérieure et, dans le futur, comme par le passé, l’IGP restera invariablement à l’écoute du citoyen. L’approche «service au citoyen» demeurera prioritaire dans ses démarches et dans son travail quotidien.
Pour des informations plus détaillées, veuillez consulter le site de l’IGP ou suivre le résumé du dossier sur le site de la Chambre des députés.
—
Am 1. August 2018 tritt das Gesetz über die Generalinspektion der Polizei (IGP) vom 18. Juli 2018 in Kraft.
Seit dem Jahr 2000 ist die IGP das externe Kontrollorgan der großherzoglichen Polizei und damit beauftragt deren Tätigkeitsbereich zu überprüfen, nun
• erhält sie ihr eigenes Gesetz;wird zu einer unabhängigen und eigenständigen Verwaltung mit eigenem Personal und Finanzhaushalt;
• setzt sich ihre Führungsspitze aus einem Generalinspektor, welcher aus der Magistratur stammt, und einem stellvertretenden Generalinspektor, welcher aus der Polizei kommt, zusammen;
• können ihre Angestellten keine Posten mehr innerhalb der Polizeiverwaltung anstreben;
• werden ihre aktuellen Missionen verdeutlicht und ihre Kompetenzen erweitert, wie beispielsweise das Leiten der Disziplinarverfahren gegen Polizisten und Polizeischüler.
Die Reform bildet eine grundlegende Etappe zu mehr Unabhängigkeit gegenüber der Polizei und weitet den Einfluss ihrer Arbeit auf das gute Funktionieren der Polizei aus.
Die Rolle der IGP als unabhängiger Beobachter im Bereich der inneren Sicherheit wird verstärkt, wobei der Dienst am Bürger weiterhin höchste Priorität in der alltäglichen Arbeitsweise der IGP hat.
Weitere Informationen finden Sie auf der Internetseite der IGP und auf der Seite der Abgeordnetenkammer.