PRESSE RTL.lu CGFP „Regierung huet net alles richteg gemaach, awer villes“

D’Regierung huet net alles richteg gemaach, awer villes, esou huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff gesot.

Leschten Update: 28.09.2018, 07:33:30

Dat Positiivt iwwerweit an der Zensur déi d’Staatsbeamtegewerkschaft der Regierung fir déi lescht fënnef Joer ginn huet. D’Neireegelung vum Congé parental, d’Steierreform a rezent d’Ofschafung vun der 80-80-90 Reegelung, waren dräi Punkten déi de President vun der CGFP Romain Wolff en Donneschdeg de Mëtteg op der Pressekonferenz fir déi sozial Rentrée ervirgehuewen huet.

Manner gutt wär ganz aktuell awer, dass vu staatlecher Säit absolutt keng Kompromëssbereetschaft do wär an Diskussioune ronderëm Ongerechtegkeete bei der Spuerkeess. E Sozialkonflikt stéing do virun der Dir, esou de Romain Wolff.

Wat d’Parlamentswale concernéiert, esou hätt ee bei der CGFP sou munch Verännerunge festgestallt, wéi d’Parteie Walkampf maachen. De Romain Wolff nennt hei déi sozial Medien wéi Twitter, Facebook, Instagram. Et wieren also net méi d’Plakater op de Stroossen déi dominéiere géifen.

Och d’Walprogrammer géifen net méi sou dominéieren, wat d’CGFP éischter kritesch gesäit. De politeschen Inhalt géif hei op der Streck bleiwen.

Aus deem Grond géif d’CGFP d’Parteien ëmmer mat hire Walpréifsténg konfrontéieren. Déi 8 Parteie mat volle Lëschten, krute 34 Froen zu 7 Themefelder gestallt.

D’CGFP gëtt traditionell awer keng Wahlempfeelung. D’DP wär awer déi Partei, déi déi fënnef essentiell Jo- oder Nee-Froe positiv beäntwert hätt.

PDF Schreiwes CGFP

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen