PRESSE RTL.lu SNPGL“Verschidde Regioune sinn nach méi ënnerbesat, wéi mir gemengt haten“

D’Situatioun an enger Rei Kommissariater ass wierklech dramatesch, esou de President vun der Policegewerkschaft SNPGL den Dënschdeg den Owend op Nofro hin.

Leschten Update: 04.12.2018, 20:16:25

Dat nodeems de Comité vum Syndikat déi lescht zwee Deeg a Klausur beienee war. Aus Sécherheetsgrënn wollt de Pascal Riquier awer net soen, ëm wéi eng Regiounen et sech hei handelt. D’Tatsaach, datt déi personell Enkpäss och riskéiere géifen op Käschte vun der Sécherheet vun de Beamten ze goen.

D’SNPGL wëll bis Enn der Woch d’Gespréich mat der Generaldirektioun sichen. Deen Ament sollen och déi nei Schichtpläng nach emol thematiséiert ginn. Hei zirkuléieren der Policegewerkschaft no verschidde Modeller, wat der Direktioun wuel net bewosst wier.

Donieft wier plazeweis virgesinn, fir Beamten op hire fräien Deeg zréckzeruffen, souguer dann, wa se keng Permanence hunn. Och domadder kann d’Generaldirektioun der SNPGL no net averstane sinn. Sécher ass mat den neie Schichtpläng, déi provisoresch vum 1. Januar bis Enn Februar gëlle sollen, géife verschidde Regioune vill méi Problemer kréie wéi anerer, sou de Pascal Riquier.

RTL-News: Policegewerkschaft – Aarbechtszäite beim Staat: Police an der Illegalitéit

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen