PRESSE RTL.lu Et soll net zu enger weiderer Spléckung komme

Invité vun der Redaktioun (11. Januar) – Romain WolffEt soll net zu enger weiderer Spléckung kommen

E Freideg de Moie war de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.Vum Sascha Georges (Radio)

Leschten Update: 11.01.2019, 10:16:00

Den Ënnerscheed tëscht den Ufanksgehälter beim Staat an am Privatsecteur wär ze grouss. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, léisst déi Ausso net esou do stoen. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Et soll een déi béid Secteuren net géinteneen ausspillen.

De Romain Wolff huet op eng Kritik vum President vun der Bankevereenegung ABBL vun en Donneschdeg de Moie reagéiert.

Wat soll dat?, huet sech de Romain Wolff gefrot. Dat géif näischt a kengem eppes bréngen. Et soll net zu enger weiderer Spléckung kommen. D’CGFP géif sech derfir asetzen, datt ee méi no zesumme kënnt. D’Banke missten och hir sozial Verantwortung iwwerhuelen. Op de ganz héije Plazen am Privatsecteur géif een och méi verdénge wéi beim Staat.

Op de Sozialkonflikt bei der Spuerkeess ugeschwat, sot de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, datt wa sech do näischt beweegt, da misst een eppes maachen, wat iwwert de Protestpiquet eraus geet. D’CGFP hofft awer nach ëmmer op d’Regierung, datt sech do séier eppes deet.

Net ganz iwwerzeegt ass d’CGFP vum gratis ëffentlechen Transport. Do géif ee sech vill Froe stellen. Et misst mol primär an den Ausbau an an d’Qualitéit investéiert ginn.

An d’Steierreform, déi wier ganz ambitiéis. Et soll jo keen eppes verléieren, ma de Romain Wolff wënscht sech, datt d’Mëttelschicht eppes bäikritt, an datt d’CGFP beim Ausschaffe vun der Reform mat agebonne gëtt.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen