Drogen an illegal Waffen
Zu Raemerech an an der Stad gouf all Kéier ee Chauffeur vun der Police gepëtzt, deen Drogen op sech hat.Vum David Winter (RTL.lu)
Leschten Update: 10.01.2019, 18:22:17

Bei enger Verkéierskontroll am Rondpoint Raemerech gouf e Mëttwoch den Owend um kuerz no hallwer 12 en Automobilist kontrolléiert, deem säi Contrôle technique schonn zënter September 2018 ofgelaf war.
Relativ séier koum eraus, dass de Mann alkoholiséiert hannert dem Steier souz, allerdéngs huet den Test erginn, dass den illegal Wäert net erreecht gouf. Ma wéi de Permis dunn iwwerpréift gouf, huet sech erausgestallt, dass d’Dokument gefälscht gouf.
Beim Duerchsiche vum Mann sinn dunn nach en hallwe Gramm Kokain, Drogenutensilien an zwee „Schlagringe“ fonnt. D’Police huet Protokoll erstallt.
50 Gramm Cannabis bei Verkéierskontroll
An der Allée du Carmel an der Stad ass der Police géint 2 Auer an der Nuecht en Auto mat lafendem Moto op engem Parking opgefall. Wéi dës a Richtung vum verdächtege Won gefuer sinn, ass dëse mat héijer Vitess fortgefuer. An der rue de la Tour Jacob konnt de Won gestoppt a kontrolléiert ginn.
Séier ass de Polizisten e séissleche Geroch am Auto opgefall. Beim Drogentest gouf de Chauffeur dann och positiv op Cannabis getest. Beim Duerchsiche vum Auto gouf eng Plastikstut mat ronn 25 Gramm Cannabis an eng Wo fonnt. Beim Duerchsiche vum Chauffeur selwer, sinn dunn nach eemol 24 Gramm opgedaucht. De Mann koum vir e Blutttest an d’Spidol.
Wéi d’Police nach matdeelt, war och hei dem Mann säi Contròle technique net an der Rei gewiescht.