PRESSE RTL.lu PoliceReform bewäerten, Dash-Kameraen testen


Den zoustännege Minister wëll de Beruff vum Polizist méi attraktiv maachen, fir d’Problemer beim Rekrutement ze léisen.Vum Dany Rasqué (Radio), Jeannot Ries (Télé) an lm (RTL.lu) Leschten Update: 10.01.2019, 19:04:22

„D’CSV huet d’Impressioun, datt de Minister fir déi bannenzeg Sécherheet an d’Verdeedegung net ëmmer op derselwechter Linn läit wéi säi Virgänger.“ Dat sot de Chrëschtlech-Soziale Léon Gloden no der Chamberkommissioun en Donneschdeg, wou de François Bausch den Deputéierte virgestallt huet, wat d’Regierung an deenen nächste 5 Joer an deenen zwee Beräicher wëlles huet.

Wat d’Police betrëfft, wier een zum Beispill gewuer ginn, datt de Minister am Hierscht eng Konsultatiounsdebatt iwwer déi éischt Resultater vun der Reform wéilt maachen.

De Léon Gloden seet, datt trotz Police-Reform d’Rekrutementer net verbessert gi wieren, et wieren 81 Plazen ausgeschriwwe ginn 2018, knapps d’Hallschent wier besat ginn. Et hätt een also nach ëmmer deeselwechte Problem an et wier genee dat agetratt, wat d’CSV gesot hätt. Et missten zousätzlech Efforte gemaach ginn, fir d’Polizisten am administrative Beräich ze liberéieren, zivilt Personal ze rekrutéieren an d’Carrièrë méi attraktiv ze maachen, well et wier richteg, datt d’Police haut och a Konkurrenz stéing mat dem CGDIS-Corps an der Arméi.

De Beruff vum Polizist méi attraktiv maachen – dat ass eppes, wat och dem François Bausch wichteg ass. Do ginn et puer Hiewelen, wou een a sengen Aen usetze kann: Et misst ee méi kommunikéieren an och méi Reklamm maache fir de Beruff vum Polizist. Hei wier jidderee gefuerdert, vum klengste Polizist bis bei de Minister, wann en no bausse kommunikéiert, datt do e Bild vun der Police erëmgi gëtt, wat d’Police attraktiv mécht. An et misst ee sech och nei Weeër iwwerleeën: bei der Ausbildung, déi nei Police-Schoul misst séier kommen, an da misst ee kucken, wéi eng Elementer een nach ronderëm misst bauen, fir de Beruff méi attraktiv ze maache wéi haut.

D’Deputéiert goufen dann en Donneschdeg ënnert anerem och gewuer, datt et eng Testphas mat Dash-Kamerae gëtt. Dat begréisst d’CSV.

Déi gréisst Oppositiounspartei war och zefridden, datt de François Bausch sech net verschloss huet, fir iwwert eng Testphas mat Taseren nozedenken.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen