PRESSE RTL.lu Beamte vun der Police Judiciaire wéinst Justizbehënnerung ugeklot

Geriicht

Dräi Joer Prisong, mat méiglechem Sursis: Déi Strof huet d’Vertriederin vum Parquet den Dënschdeg um Stater Geriicht géint e 56 Joer ale Polizist gefrot.Eric Ewald (Radio)

Leschten Update: 23.01.2019, 09:09:00


© AFP

Dem Mann gouf virgehäit, tëscht August 2013 a Mäerz 2014 – op Demanden hi vun auslännesche Police Beamten no engem Verglach mat engem genetesche Profil aus der Lëtzebuerger Datebank – e Stempel «negativ DNA» gemaach ze hunn, obwuel d’Resultat positiv war. Am Kader vum Traité vu Prüm wär dat aacht mol geschitt, an 23 mol bei Demanden aus Länner baussent dem Traité.

Am Januar 2014 waren enger Sekretärin Feeler opgefall, huet den Enquêteur vun der Inspection Générale de la Police den Dënschdeg Moien erkläert. Den Ugeklote wär awer eréischt am Mäerz dowéinst zur Ried gestallt ginn. Dem IGP-Mann zufolleg wollt de Polizist déi Aarbecht net maachen, war frustréiert, well hien aner Plazen net krut, an hätt näischt geschafft, oder just de Minimum, an dat nach net richteg. Vum deemolege Chef vun der Police Technique wollt de President vum Geriicht wëssen, firwat deen net bei de Mann gaangen ass. Fir dee Polizist war dat kee grave Fait; hien hätt net geduecht, dass dat eng grouss Affär géif ginn. Dem fréiere Chef vum Departement hätt de Beschëllegten iwwerdeems gesot, hie wär net frou mat där Aarbecht; si wär ënnert senger Würd a méi eng Sekretärsaarbecht. Doropshi wär d’Datebank ëmgebaut ginn.

Den Ugeklote selwer huet haut näischt ofgestridden a betount, ni d’Absicht gehat ze hunn, eppes ze fälschen. Hie wier forcéiert ginn, do ze schaffen. Hie wär net suspendéiert ginn, wahrscheinlech well him vertraut gi wär, woubäi d’disziplinaresch Affär nach unhängeg wär. Et géif him leed doen, a wann hien nach eng Kéier an där Situatioun wier, géif hien et net méi maachen, mä hien hätt sech net wuel gefillt.

Iwwerdeems wiere fir de Me Rosario Grasso, Affekot vum Beschëllegten, weder d’Fälschung, nach d’Entrave à la Justice zréckzebehalen a säi Client sollt deemno fräigesprach ginn. D’Vertriederin vum Parquet wollt d’Fälschung zréckbehalen, net awer d’Justizbehënnerung. De Polizist hätt iwwert eng Zäit Fälschunge gemaach, an och vun deenen 23 Demandë déi net aus Prüm komm sinn, wären der zwou positiv gewiescht.

Source RTL.lu

D’Uerteel gëtt den 21. Februar gesprach.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen