Invité vun der Redaktioun (13. Februar) – François Bausch
E Mëttwoch de Moie war de Minister vun déi Gréng eisen Invité vun der Redaktioun.Vum Carine Lemmer (Radio)

Ech gesinn dee Ressort net als Plo, mä als nobel Charge un. Dat seet den neie Minister fir Verdeedegung a bannenzeg Sécherheet François Bausch. Hie war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Mir sinn déi grouss Gewënner gewiescht bei de leschte Walen a wollten och bei der Opdeelung vun de Ressorten op Aenhéicht behandelt ginn.
Um Mëttwoch reest de François Bausch op eng Nato-Reunioun. D’Zäiten änneren a Meenungen och. Trotz Positiounen aus den 80er Jore wier hien nach ni iwwerzeegt gewiescht, datt et keng Verdeedegungspolitik bräicht.
Hie stéing fir eng Verdeedegungspolitik an net fir eng Krichspolitik. D’Diplomatie misst eng wichteg Roll spillen.
E grousse Problem wieren zum Beispill d’Emprisen. Zu Dippech wier de Contournement zum Beispill hannendra geroden, well eng Persoun hiren Terrain net zur Dispositioun gestallt huet.
D’Radaren hätte sech bewäert, esou de François Bausch, deen och Mobilitéitsminister ass. Dës Radare wieren en Deel vun engem ganze Mesurëpackage. D’lescht Joer wier et e Réckschlag ginn, mä global gesi géingen d’Zuelen an déi richteg Richtung weisen.
Hie géif sech net ginn, bis ee Chiffere-méisseg gesinn um hollänneschen oder um Schwäizer Niveau wier.
Den éischte Streckeradar kënnt jo am Hierscht, op der Iechternacher Streck, duerno kommen anerer no, eventuell an Tunnellen, esou de Minister François Bausch.
Bei den Infrastrukture wier et wichteg, datt séier kéint geschafft ginn an do missten och d’Leit hëllefen.