PRESSE RTL.lu Groussen Deel vum Gehälteraccord scho gestëmmt, esou CGFP

Fonction Publique

Dee Gesetzesprojet, wou et ëm d’Erhéijung vum Iessgeld op 204 Euro de Mount geet, gouf den 12. Februar an der Chamber gestëmmt.Vum Frank Elsen (Radio) 27.02.2019, 18:30:22

© Frank Elsen

Mat deem Projet, dee 17,5 Milliounen Euro kascht, wier schonn e groussen Deel vum Gehälteraccord an der Fonction Publique ugeholl ginn, huet d’Staatsbeamtegewerkschaft de Mëttwoch de Moie wësse gedoen. Zejoert am Juni gouf een Avenant vum Gehälteraccord tëscht der Regierung an der CGFP ënnerschriwwen. D’Reform iwwert d’Ofschafe vun der 80-80-90-Reegelung an d’Reduktioun vum Stage, déi vun 3 op 2 Joer erofgeet, gouf am Regierungsrot ugeholl a geet elo an déi legislativ Prozedur.

Déi Reform, déi eng 45 Millioune kascht, gëtt an Zukunft an der Chamber gestëmmt a gëtt da réckwierkend op den 1. Januar vun dësem Joer ëmgesat. Am Kader vun där Reform ginn et awer eng Rëtsch Iwwergangsbestëmmungen, betount den zoustännege Minister Marc Hansen. Well do eben och schonns Leit de Stage ugefaangen hätten a matzen dra wieren. Well et awer bësse komplizéiert wier, dëst vun engem Dag op deen aner Dag ze änneren, géifen et ebe vill Iwwergangsbestëmmunge ginn.

Virun allem Leit, déi am Stage an der Fonction Publique sinn, géife sech bei der Staatsbeamtegewerkschaft mellen. Dowéinst hofft een, datt déi Reform nach virun der Summerpaus gestëmmt gëtt, ënnersträicht d’CGFP. Et wéilt een, datt d’80-80-90 Reegelung aus verschiddene Grënn ofgeschaaft gëtt, erkläert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff. Et wier een an der Situatioun, dass ee wéisst, dass déi Jonk hautzedaags prekär Aarbechtskontrakter kréien, d’finanziell Ënnerstëtzung vun doheem wier net ëmmer ideal an och de Wunnengsmaart wier problematesch. Dofir hätt een ee Solidaritéitsofkommes am Interêt vun de kommende Generatiounen als gutt Iddi ugesinn.

D’CGFP wier frou, datt de Gesetzesprojet, wou et ëm d’Iessgeld geet, ugeholl gouf. Weider betount de Romain Wolff, dass iwwer direkt an indirekt Steieren och nees villes géing zeréck an d’Staatskeess kommen.

Den zoustännege Minister wäert an Zukunft Gespréicher mat 60 Ënner-Organisatioune vun der CGFP féieren, wou ënnert anerem déi Punkte vun der Reform diskutéiert ginn, déi de Leit aus deenen Organisatiounen um Mo leien. Et géifen oppe Gespréicher ginn, esou de Minister Marc Hansen.

PDF Schreiwes CGFP

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen