Police-Asaz zu Zéisseng RTL | Update: 13.03.2019 18:52
Police-Asaz zu Zéisseng

Den Ausléiser vun der grousser Policeaktioun en Dënschdeg zu Zéisseng hat weder en terroristeschen, nach e politeschen Hannergrond, mä e privaten.
Eng privat Situatioun ass eskaléiert a well Menacen ausgeschwat goufen, déi eng Gefor fir den direkten Entourage hätte kënne mat sech zéien, si Spezialunitéite vun der Police zum Asaz komm.
Den Ausléiser vun der grousser Policeaktioun en Dënschdeg zu Zéisseng hat weder en terroristeschen, nach e politeschen Hannergrond, mä e privaten.
Beim Mann, dee sech an engem Appartement verschanzt hat, handelt et sech RTL-Informatiounen no ëm e Polizist.
D’Inspection Générale de la Police (IGP) ass mat der Enquête befaasst.
Bei der Aktioun ass kee blesséiert ginn.
Wat war geschitt?
En Dënschdeg huet d’Police musse géint 16.45 Auer an enger Privatwunneng zu Zéisseng intervenéieren. Um 20.35 Auer koum déi offiziell Confirmatioun, datt den Asaz eriwwer wier.
Et hat sech effektiv eng Persoun an enger Wunneng agespaart. Well ee gefaart hat, dass déi Persoun Waffe bei sech hat, gouf de groussen Dispositif en place gesat. D’Gebai gouf komplett evakuéiert, e Sécherheetsperimeter ageriicht an d’Stroossen an der Ëmgéigend goufe gespaart
Um 20.35 gouf confirméiert, dass d’Situatioun nees ënner Kontroll wier.
Déi Persoun, déi sech verschanzt hat, war vu sech, gouf aus der Wunneng gedroen an hospitaliséiert.
Negociateure vun der Police waren am Kontakt mat der Persoun. Wéi de Kontakt dunn ofgebrach war, ass d’Spezialunitéit géint 19.45 Auer an d’Haus eragaangen. Wéi sech erausgestallt huet, hat d’Persoun och definitiv Waffe bei sech. Weider Persoune goufen net blesséiert.
D’Police hat e grousse Sécherheetsperimeter gezunn. De Chemin de Roedgen an d’Zéissenger Strooss ware bal 4 Stonne gespaart. VIDEO: Stroossen zu Zéisseng wéinst Police-Asaz gespaart