SNPGL Generalversammlung RTL | Update: 19.03.2019 07:54

Op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft e Méindeg den Owend zu Walfer gouf op verbalem Plang schaarf géint d’Politik an d’Direktioun geschoss.
De François Bausch, den Etienne Schneider an d’Policedirectioun: Dat waren d’Ziler vun der Kritik op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft zu Walfer. De grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet war guer net bis dohi komm, an et haten och nëmmen eng hallef Dosen Deputéiert de Wee an de Centre Prince Henri fonnt. An zesummen 105 Minutte Ried huet sech den SNPGL-President Pascal Ricquier virun allem mat de Sujete Policereform an Zäitspuerkonte befaasst.
Bei der Policereform wär et ëm Geld a Muecht gaangen, huet de Chef vun der Policegewerkschaft gemengt. D’Spëtzt hätt sech finanziell zerwéiert, géif sech awer net un d’Gesetzer halen, e Kritikpunkt, dee méi spéit nach emol erëmkoum. D’Generalinspektioun vun der Police sollt dann och net nëmmen d’Feeler vun deene Klengen analyséieren, mä och déi vun deenen Décken, sou de Pascal Ricquier. Fir deen den, Zitat, „onprofessionelle Management“, spréch d’Direktioun, d’Police zum Kollaps brénge géif. Verschidde Leit wiere sech dat nach net bewosst, d’Polizisten hätten es déck genuch a géifen déi Spillercher net méi matspillen. Et kéim ënner anerem zu Iwwerstonne vu Beamten, well d’Manager näischt hikriten, sot den SNPGL-President, dee sech och um Justizminister Felix Braz geriwwen huet, am Zesummenhank mam Transport vu Prisonéier, dee vu Giischtercher hätt sollen iwwerholl ginn. De Minister Etienne Schneider, de Police-Generaldirekter, d’Kollege Giischtercher wieren domadder averstane gewiescht a wollten dat esouguer…. mä de Minister Felix Braz wier stur bliwwen a wollt dat net. De Pascal Ricquier hofft dann, dass de Minister Braz eng Léisung fënnt, fir aus dëser Situatioun eraus ze kommen.
Schlëmm wär awer
virun allem, dass d’Police, déi d’Bierger kontrolléiert, ob déi sech un
d’Gesetzer halen, dat selwer net maache géif. Dofir war et den Appell un
de Minister Bausch, sech ëm d’Police ze këmmeren, an der
Generaldirektioun en Uerder ze ginn, si solle sech un déi national
Gesetzer halen.
Wat d’Zäitspuerkonten, respektiv
d’Aarbechtszäitreegelung ugeet, misste Polizisten alt duebel Schichte
maachen. Dem Minister Bausch no wär dee Problem awer intern ze reegelen.
Pascal Ricquier: Wa sech erausstellt, dass wëssentlech géint Gesetzer verstouss gëtt, an doduerch aner Leit a Gefor waren oder sinn, mussen déi Responsabel an Zukunft oftrieden.
Ënner anerem well déi maximal Aarbechtszäiten a Mindestrouzäiten net agehale ginn, geet d’nächst Woch e Schreiwes vun der Policegewerkschaft un d’EU-Kommissioun, huet de Pascal Ricquier ugekënnegt.
Links