PRESSE RTL.lu „Et ass net virgesinn, Appell ze maachen!“, sou de François Bausch

Parlamentaresch Fro vum Diane Adehm

Vum Eric Ewald | Update: 20.03.2019 12:30

Et geet ëm en Offizéieschkandidat, deen am Februar um Verwaltungsgeriicht am juristesche Sträit mam viregte Verdeedegungsminister op en Neits Recht krut.

Dee Moment hat den Tribunal administratif eng Decisioun vum Etienne Schneider vu September 2017 annuléiert. D’Affär hat och bei deem säi gréngen Nofolger zréckzegoen.

AUDIO: Parlamentaresch Fro Offizéieschkandidat: Reportage E.Ewald

Am September 2014 gouf de Chef vum État-Major vun der Arméi doriwwer informéiert, dass e Sous-lieutenant seng Offizéieschformatioun an der Belsch net gepackt hätt. Deeselwechte Mount gouf de Generol vun der Arméi gebieden, beim Minister z’intervenéieren, fir dass dem Mann sengem Stage en Enn sollt gesat ginn. Den Etienne Schneider huet dem Mann am Oktober matgedeelt, dass hien net kéint an der Arméi gehale ginn.

Am Januar 2015 goung de Mann dowéinst op d’Verwaltungsgeriicht, dat dem Verfassungsgeriicht am Oktober eng Question préjudicielle gestallt huet.

Am Mäerz 2016 huet d’Cour constitutionnelle decidéiert, dass en Artikel vum Gesetz iwwert d’Arméiorganisatioun net konform wär zu zwee Artikele vun der Verfassung, well näischt Prezises iwwer e Stage vun Offizéier drastéing. Dofir hat den Tribunal administratif am Februar 2017 dem Minister seng Decisioun annuléiert, dass de Mann net kéint an der Arméi gehale ginn; am Juni hat d’Cour administrative dat Uerteel confirméiert.

Den Etienne Schneider hat dem Mann dunn am September e Bréif geschéckt, an deem stoung, dass säi Stage zweemol verlängert ginn, am September 2014 awer ausgelaf wär. Dowéinst goung de Mann am November 2017 nees op d’Verwaltungsgeriicht, dat dem Minister de leschte Mount deemno erëm Onrecht ginn hat, well dee keng gesetzlech oder reglementaresch Basis fir déi Decisioun uginn hätt.

Mä zréck bei d’parlamentaresch Fro: De François Bausch schreift a senger Äntwert un d’CSV-Deputéiert, seng Servicer wären am gaangen, d’Elementer ze studéieren, op déi sech d’Verwaltungsgeriicht baséiert huet, fir d’Verhale vun der Regierung ze kritiséieren. Sou sollt,  “la meilleure voie à suivre dans la présente affaire” erausfonnt ginn.

En eventuellt Afrostelle vun der ziviller Verantwortung vum Staat géif dovun ofhänken, ob de Mann Schuedenersatz freet. Sollt dat de Fall sinn, wär et un de Geriichter, d’Verhale vum Staat ze bewäerten an ze decidéieren, ob de Mann misst entschiedegt ginn.

Et wären och Aarbechten am gaangen, fir en neit Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der Arméi auszeschaffen. Déi Aarbechten an den neie Gesetztext, dee sech doraus ergëtt, géifen dem Uerteel vum Verfassungsgeriicht vu Mäerz 2016 Rechnung droen, sou de Verdeedegungsminister.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Links

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen