Cadres supérieurs vun der Police RTL | Update: 22.03.2019 06:16

De Pascal Ricquier vun der SNPGL
D’Cadres supérieurs vun der Police wiere sech géint d’Reproche vun der Policegewerkschaft SNPGL.
Déi hat jo Ufank der Woch d’Direktioun vun der Police kritiséiert, an hei ënnert anerem op hirer Generalversammlung behaapt, d’Spëtzt hätt sech bei der Policereform finanziell zerwéiert.
D’ACSP, d’Association professionelle du Cadre supérieur de la Police grand-ducale präziséiert an engem Communiqué, datt net nëmmen Kaderen aus der Carrière A1 fir d’Gestioun an d’Organisatioun bei der Police responsabel wieren, mä zum Beispill och Memberen aus der Inspektercarrière dës Funktiounen hunn. Donieft ënnersträicht d’Associatioun, datt d’Policereform nach net eriwwer ass, mä ee Prozess wier, an deem ee matzen dra wier, an och d’SNPGL hätt beim Ausschaffe vun der Reform matgewierkt.
D’ACSP schwätzt dann och vu schlechtem Wëllen. De President vun der SNPGL Pascal Ricquier géif mat senge Kritiken un der Reform zwou Saache matenee vermëschen. Engersäits d’Reform vum Statut vum Fonctionnaire public an anerersäits déi tatsächlech Policereform. D’Gewerkschaft géif domadder den Terrain veronsécheren, heescht et weider. Hei géif Zitat „Bossbashing“ gemaach ginn, also op d’Cheffe geklappt ginn, fir senge Memberen ze gefalen. Zuelen, fir ze beleeën, datt d’Reform een Echec wier, esou wéi d’SNPGL dat géif behaapten, géif d’Gewerkschaft awer net kënne virleeën.