PRESSE RTL.lu SNPGL stellt sech hannert hire President Pascal Ricquier

No Reaktioune vu Bausch a Schrantz RTL | Update: 21.03.2019 16:50

© RTL Archivbild

D’Policegewerkschaft SNPGL reagéiert an engem Communiqué op d’Kritik no hirer Generalversammlung.

De Verwaltungsrot an all d’Membere géife sech hannert de President Pascal Ricquier stellen an hannert seng Meenung. Si veruerteelen déi perséinlech Attacke géint den Här Ricquier. D’Problemer vun der Police op en Imageverloscht ze reduzéieren, géif de Kritiken net gerecht ginn.

De Minister géif sech op d’Säit vun der Generaldirektioun stellen, ouni z’analyséieren, wat dru wär un de Kritiken, déi vun der Personaldelegatioun kommen. Sou géif hie sech kloer op d’Säit vun der Hierarchie positionéieren.

A sengem Interview hätt de Police-Generaldirekter et esou duergestallt, wéi wann d’Gewerkschaft SNPGL komplett mat der Reform d’Accord war, dat wär awer net de Fall gewiescht.

D’Policegwerkschaft bleift och derbäi, datt sech deels net un déi legal Aarbechtszäit-Konditioune gehale gëtt. Dat wäre keng „béisaarteg Ënnerstellungen“.

D’SNPGL wëll bei wichtege Sujete matagebonne ginn a seet sech weider op, fir e konstruktiven Dialog.

RTL NEWS: „Dat schuet dem Bild vun der Police“ an „mënschlech Enttäuschung“

Minister Bausch reagéiert

Et wär dat Selbstverständlechst vun der Welt, dass hie sech, no den Attacke vum SNPGL-President Pascal Ricquier vun e Méindeg,  hannert d’Generaldirektioun vun der Police stelle géif. Dat sot de Minister fir bannenzeg Sécherheet en Donneschdeg am Nomëtten als Reaktioun op e Schreiwes vun der Policegewerkschaft. Hie géif sech awer och hannert all Polizist stellen, dee sou Reprochë gemaach kritt, sou de François Bausch.

Den zoustännege Minister ass och frou doriwwer, dass d’CGFP d’Initiativ geholl hätt, fir hien ze gesinn bei där Entrevue, zu där et selbstverständlech géif kommen, kéint een „hoffentlech dann a Rou“ iwwert den iwwer den Dossier Police schwätzen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen