PRESSE RTL.lu Aféiere vun enger Police-Unitéit am ëffentlechen Transport

Nohaltegkeetskommissioun

Vum Frank Elsen (Radio), DW (RTL.lu) | Update: 28.03.2019 12:41

Et géif een domadder rechnen, datt esou eng Unitéit Enn vum Joer géif agefouert ginn.

80 Prozent vun de Garen hei am Land ginn den Ament vu Kameraen iwwerwaacht. An Zukunft wëll een alleguerten d’Garë mat Kameraen equipéieren, dat sot den Nohaltegkeetsminister François Bausch en Donneschdeg de Moien no der Nohaltegkeetskommissioun um Krautmaart am RTL-Interview.

AUDIO: Sécherheet am ëffentlechen Transport – Reportage Frank Elsen

Geschwat gouf virun allem iwwert d’Sécherheet an den Zich. An deem Kontext, huet den zoustännege Minister den Deputéierten de Rapport gemaach, wat hien d’lescht Woch mat der CFL-Direktioun an de Gewerkschaften diskutéiert huet. De Programme deen een huet, fir d’Sécherheet ze verbesseren, wëll een an Zukunft beschleunegen, esou de François Bausch. An deem Zesummenhang wëll de Nohaltegkeetsminister dann och een Aarbechtsgrupp tëscht dem zoustännege Ministère an dem Ministère fir bannenzegt Sécherheet aféieren.

D’Zil ass et an Zukunft eng Police-Unitéit am ëffentlechen Transport anzeféieren. An deem Kontext wëll een elo ee Konzept ausschaffen, esou den Nohaltegkeetsminister François Bausch. Senger Meenung no gehéiert déi ëffentlech Muecht an déi ëffentlech Hand. D’Police oder aner Corpsen, déi zum Staat gehéieren, missten dohier och am ëffentleche Raum agesat ginn.

D’Zich sinn ewell scho mat Kameraen equipéiert, mä an Zukunft wëll een eben och alleguerten d’Garë mat Kameraen iwwerwaachen. All Incident wier een ze vill, ma awer wier d’Situatioun am Verglach mat den Nopeschlänner zu Lëtzebuerg agreabel, esou den zoustännege Minister. Deene Bloen no begréisst een d’Kameraiwwerwaachung am ëffentlechen Transport. Den DP-Deputéierte Max Hahn gëtt awer ze bedenken, dass d’Police am Moment mat engem enorme Personalmangel ze kämpfen huet.  Et misst een nei Weeër goen, eppes dat natierlech en Challenge duerstellt. Eventuell kéint een do och d’Arméi abannen, fir Sécherheet ze garantéieren.

Et misst ee massiv an den ëffentlechen Transport investéieren, fir dat Leit ebe méi dovunner profitéieren a fir déi néideg Sécherheet ze garantéieren, esou nach den DP-Deputéierte Max Hahn. An och d’CSV war frou, datt den zoustännege Minister sech fir eng Police-Unitéit am ëffentlechen Transport ausgeschwat huet. Besonnesch no deem rezente Virfall vun Éiter, hätt een sech Gedanken iwwert esou eng Police-Unitéit gemaach, betount den CSV-Deputéierten, Marco Schank. 80% vun de Passagéier-Fluxe wäerten iwwert d’Kameraen an Zukunft kënne kontrolléiert ginn. 10% vun den Zich wäerte vu Sécherheetspersonal begleet ginn.

Schonn an eisen Nopeschlänner géif et eng Police-Unitéit am ëffentlechen Transport ginn. Dat wier dee richtege Wee. Et géif een domadder rechnen, datt déi Unitéit Enn vum Joer géif agefouert ginn, esou nach den CSV-Deputéierte Marco Schank.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen