Geriicht
Vum Eric Ewald (Radio) | Update: 03.04.2019 07:25

Domadder bleift et beim Uerteel aus 1. Instanz.
D’Confirmatioun vun 3 Veruerteelungen a vun engem Fräisproch: Sou kann een a kuerze Wierder de Verdikt en Dënschdeg op der Cour d’appel an der Stad am zweete Prozess ëm eng Kläpperei, am Januar 2015, virun enger Disko an der Stad resuméieren.
Dora war ë.a. deen Ex-Policeschüler verwéckelt, deen am Summer 2015 net vereedegt gi war.
AUDIO: Geriichtsaffär Policeschüler: De Reportage vum Eric Ewald
Dëse Mann war am Mee 2017 an 1. Instanz zu 3 Méint Prisong mat Sursis condamnéiert ginn. Am Appelprozess ass et deemno bei där Strof bliwwen, sou wéi de Vertrieder vum Parquet général et och gefuerdert hat. Et war dem séngerzäit net vereedegte Policeschüler, deen haut als Polizist am Süde vum Land schafft, virgehäit ginn, en anere Mann mat engem Messer ugegraff ze hunn. Fir dee Mann sollt, sou hat et allzäit de Vertrieder vum Parquet général gefrot, d’Prisongsstrof vu 4 Méint mat Sursis op 3 Méint mat Sursis erofgoen. Hien hätt déiselwecht Strof wéi den heitege Polizist kréie sollen, well och fir dee Mann d’Provokatioun sollt zréckbehale ginn: D’Appelriichtere sinn awer net mat op dee Wee gaangen! Méi nach: Si hunn dee Mann dozou veruerteelt, dem Ex-Policeschüler 500 € Schuedenersatz ze bezuelen. E weidere Beschëllegten, deen am 1. Prozess ee Joer Prisong mat Sursis kritt hat, huet keen Appell gemaach gehat, iwwerdeems et fir de Brudder vum Polizist och an zweeter Instanz beim Fräisproch blouf.
Ënnert dem Stréch ass also festzehalen, dass d’Uerteel vun den zweete Riichteren an de ganz grousse Linnen deem vun den 1. Riichteren entsprécht.