Tëschefall zu Bouneweg
Vum Pierre Weimerskirch (Télé) | Update: 10.04.2019 20:06 Tëschefall zu Bouneweg – 1 Joer duerno
Um Donneschdeg ass et genee ee Joer hir, datt zu Bouneweg ee Mann an engem Auto vun engem Polizist déidlech aus enger Pistoul getraff gouf.
Um Donneschdeg ass et genee ee Joer hier, datt zu Bouneweg ee Mann an engem Auto vun engem Polizist déidlech aus enger Pistoul getraff gouf.
Ufank Mäerz huet de Parquet per Communiqué matgedeelt, datt de concernéierte Beamte wéinst „homicide volontaire“ inculpéiert gouf.
RTL-Informatiounen no géif d’Expertis an déi komplett Enquête vun der Generalinsepktioun vun der Police virleien. Eng vun de Conclusioune wier, datt de Polizist an alle méiglechen Hypotheese vum geneeën Oflaf manner wéi eng hallef Sekonn gehat hätt, fir eng Entscheedung ze treffen.
Et war den 11. Abrëll 2018 géint 16 Auer, wéi et zu Bouneweg zum déidlechen Tëschefall koum. Bei enger regulärer Police-Kontroll wollt sech ee Chauffer duerch d’Bascht maachen. Fir de Mann unzehalen, ass ee Polizist aus dem Auto geklommen. Den Auto wier deemools riicht op de Polizist duergefuer, esou de Me Philippe Penning, Affekot vum concernéierte Polizist, virun e puer Wochen. Aenzeien haten deemools vun 3 bis 4 Schëss geschwat.
Knapp 10 Méint nom Virfall, den 28. Mäerz gouf de Polizist op Uerder vum Untersuchungsriichter inculpéiert wéinst „homicide volontaire“. De Concernéierten ass ënner „contrôle judiciaire“ gesat ginn. Den Affekot vum Beschëllegte sot schonn am Mäerz, hie géif op Noutwier plädéieren.