PRESSE RTL.lu Mir hunn zu 80% en Accord, sou de Policeminister François Bausch

Problemer bei Police-Aarbechtszäiten

Vum Pit Everling (Radio) | Update: 02.05.2019 18:57

Mir hunn zu 80% en Accord, sou de Policeminister François Bausch.

D’Aféiere vun den Zäitspuerkonten huet d’Iwwerstonne limitéiert, wat zu organisatoresche Problemer um Terrain gefouert huet.

Mir hunn zu 80% en Accord, seet de Policeminister François Bausch. D’Gespréicher mat der Gewerkschafts-säit géife gutt lafen an an den nächste Wochen dierft ee sech eens sinn.

Am Ministère vun der fonction publique géif parallel un engem Gesetzprojet geschafft ginn. Bis de Summer soll et op alle Fall eng Léisung ginn.

AUDIO: 02/05/2019 Band Police-Kommissioun 18h30 Everling

Déi déck Loft tëscht Minister an Direktioun op där enger Säit, an der Gewerkschaft SNPGL op där aner Säit schéngt der Vergaangenheet unzegehéieren.

D’Gespréicher géife gutt lafen an an den nächste Wochen dierft ee sech eens sinn, sot de François Bausch en Donneschdeg no der Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

Am Ministère vun der fonction publique géif parallel un engem Gesetzprojet geschafft ginn.

Bis de Summer soll et op alle Fall eng Léisung ginn. Inhaltlech Detailer waren en Donneschdeg awer nach keng gewuer ze ginn.

Wat de generelle Problem beim Rekrutement ugeet, do wier de Reservoir einfach ze kleng an et sollt een iwwer Ouverturen nodenken, woubäi awer strikt Konditioune missten agehale ginn.

De François Bausch nennt d’Beispill vun EU-Bierger, déi géinge Lëtzebuergesch schwätzen awer d’Nationalitéit nach net hätten.

Kuerzfristeg soll elo mol eng grouss Medien-Campagne lancéiert ginn, fir dem Rekrutementsproblem entgéintzewierken.

Reaktioun vun den Deputéierten

D’Police huet net genuch Leit, E bekannte Problem, iwwer deen och Gëscht an der zoustänneger Chamberkommissioun Rieds war.

Well de Reservoir einfach ze kleng wier sollt een iwwer Ouverturen nodenken, woubäi awer strikt Konditioune missten agehale ginn, esou de Policeminister François Bausch.

Hien nennt d’Beispill vun EU-Bierger déi géinge Lëtzebuergesch schwätzen awer d’Nationalitéit nach net hätten.

Den ADR-Politiker Fernand Kartheiser ass ganz skeptesch an ënnersträicht, dass dës concernéiert Persoune jo dann och kéinte Lëtzebuerger ginn. Dat wiere jo genee déi selwecht Konditiounen, wéi déi , déi gefuerdert wieren, fir déi lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft ze kréien.

AUDIO: Den ADR-Politiker Fernand Kartheiser

Et misst ee bedenken, datt een hei déi sougenannt „fonctions régaliennes“ géing opmaachen, sou nach de Fernand Kartheiser.

Ganz anescht gesäit et d’Presidentin vun der parlamentarescher Kommissioun, d’Stéphanie Empain vun deene Gréngen. Fir si ass et ënnert anerem wichteg, fir Leit an der Police ze hunn, déi a verschiddene Communautéite kënnen interagéieren.

AUDIO: D’Stéphanie Empain vun „déi Gréngen“

Kuerzfristeg soll elo mol eng grouss Medie-Campagne lancéiert gi fir dem Rekrutements-problem entgéint ze wierken.

E méi spezifesche Problem ass dee mat den Aarbechtszäite vun de Polizisten. D’Aféiere vun den Zäitspuerkonten huet d’Iwwerstonne limitéiert, wat deels zu organisatoresche Schwieregkeeten um Terrain gefouert huet.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen