PRESSE RTL.lu Policegewerkschaft wëll dréngend en Accord

Iwwerstonne bei der Police

RTL | Update: 08.05.2019 12:50

D’SNPGL fuerdert d’Regierung op dringend ze handelen, fir datt déi nei gesetzlech Reegelungen iwwert d’Zäitspuerkonten integral respektéiert ginn.

An hirem Communiqué um Mëttwoch de Moie seet d’SNPGL se wier averstane mat der Ausso vum zoustännege Minister Francois Bausch d’lescht Woch, datt een op 80% vun de Punkte sech Eens ass. „Fir en definitiven Accord brauch een awer 100%“, betount d’Gewerkschaft. Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune sinn d’Kompensatiounen, déi d’Gewerkschaft fir Iwwerstonne fuerdert. D’Personalvertrieder wiere sech bewosst a wieren d’Accord, datt Polizisten mol op engem Dag oder an enger Woch méi Stonne musse schaffe wéi soss. Dës aussergewéinlech Situatioune missten awer ganz restriktiv definéiert sinn, sou d’SNPGL.

Soulaang et keen Accord gëtt, géing et keng Méiglechkeet ginn fir laanscht de legale Kader ze kommen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen