RTL | Update: 06.06.2019 16:05

Wéi den SNPGL matgedeelt huet, konnt de grénge Minister François Bausch keng Kompensatiounsmesuren proposéieren.
Nach ëmmer keen Accord tëscht Policegwerkschaft a Ministère fir bannenzeg Sécherheet. An engem Communiqué weist den SNPGL drop hin, datt den zoustännege Minister Bausch keng „acceptabel“ Kompensatiounsmesure proposéiere konnt, wat d’Aarbechtszäite bei der Police ugeet. Duerch d’Aféiere vun den Aarbechtszäitkonte goufen d’Iwwerstonne limitéiert, wat zu Problemer gefouert huet.
RTL NEWS: Mir hunn zu 80% en Accord, sou de Policeminister François Bausch
An deem Zesummenhang bedauert d’Policegwerkschaft weiderhin och e grousse Manktem u Personal. Hei gëtt Folgendes betount: 600 Leit hätte sech fir de B1-Concour gemellt. Dës Zuel géing confirméieren, datt et kee Problem géing ginn, Kandidate mat Lëtzebuerger Nationalitéit ze fannen, déi de Manktem u Personal kéinten opfänken.