Aarbecht- a Rouzäite bei der Police
RTL | Update: 17.06.2019 11:51

Et deit sech en Accord un tëscht der Regierung an der Police iwwert d’Aarbechts- a Rouzäiten.
De Ministère fir d’Fonction Publique huet fir e Méindeg de Mëtten e Point Presse am Zesummenhang mat de Verhandlungen ugekënnegt. Mat dobäi sinn de Minister Marc Hansen, de Policeminister François Bausch, den Direkter vun der Police de Philippe Schrantz, sou wéi d’Vertrieder vun den diverse Policegewerkschaften. Ob et en definitiven Accord gëtt oder net oder iwwert Detailer gouf nach net kommunizéiert.
D’Gewerkschaften an d’Regierung ware sech bis ewell net Eens wéi d’Zäitspuerkonte bei der Police sollen ëmgesat ginn.