PRESSE RTL.lu Eenegung tëscht Regierung a Police

National- Aarbecht- a Rouzäite bei der Police

RTL | Update: 17.06.2019 22:14

Eenegung tëscht Regierung a Police

En Accord tëscht der Regierung an der Police iwwert d’Aarbechts- a Rouzäiten hat sech ugedeit.

En Accord tëscht der Regierung an der Police iwwert d’Aarbechts- a Rouzäiten hat sech ugedeit.

De Ministère fir d’Fonction Publique hat fir e Méindeg de Mëtten e Point Presse am Zesummenhang mat de Verhandlungen ugekënnegt. Mat dobäi waren de Minister Marc Hansen, de Policeminister François Bausch, den Direkter vun der Police de Philippe Schrantz, sou wéi d’Vertrieder vun den diverse Policegewerkschaften.

„Et wäerten an den nächste Jore substantiell méi Leit bei der Police agestallt ginn.“ Esou d’Versprieche vum Minister fir bannenzegst Sécherheet, François Bausch. Nodeems et länger déck Loft gouf tëscht de Gewerkschaften an der Regierung wat d’Aarbechtszäite vun de Polizisten ugeet, goufen e Méindeg zwee Accorde presentéiert.

Déi ganz Diskussioun war entstanen, nodeems beim Ëmsetze vun enger Aarbechtszäit-Direktiv an dem Aféiere vun Zäitspuerkonten an der Fonction publique wesentlech Ausnamereegelunge vergiess goufen, déi ënnert anerem Policebeamten, déi am Schichtdéngscht schaffen, Permanencen assuréieren an deels laang Iwwerstonne musse maachen, couvréiert hätten.

Dës goufen elo nogebessert, ma den Hannergrond vun där ganzer Problematik war den akute Personalmangel bei der Police. Dowéinst géifen den Ament vill Iwwerstonne geschafft ginn, déi ouni dës Ausnamereegelunge bis ewell net méi legal waren. Deemno misst elo och massiv rekrutéiert ginn a sou séier wéi méiglech e Plan de recrutement opgestallt ginn, esou de François Bausch.

Natierlech kéint een elo net vun haut op muer déi néideg Leit astellen, esou de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen. D’Situatioun wier haut nach d’selwecht wéi gëschter an dat géif eréischt änneren, wann de Plan de recrutement bis gräift. Den neien Accord leet deemno och Kompensatiounsmesure fest, fir déi Iwwerstonnen, déi jo och an den nächste Méint a Joren nach wäerten néideg sinn, entspriechend ze honoréieren.

Den Direkter vun der Police Philippe Schrantz begréisst d’Léisung, déi elo fonnt gouf. Et wier elo en Accord fonnt ginn, deen et der Police géif erlaben, hirer Aufgab nozekommen, esou de Philippe Schrantz. An och d’Gewerkschafte weise sech zefridden. Déi laang Verhandlungsstonnen hätte sech gelount, esou de President vum SNPGL, Pascal Ricquier.

Wann, wéi de Minister annoncéiert huet, elo substantiell méi Leit solle rekrutéiert ginn, misst natierlech och d’Policeschoul ausgebaut ginn. An déi kritt dann direkt och en neit Gebai, dat um Verluerekascht soll entstoen.

Dernieft gouf d’Stonnevaleur vun der „prime d’astreinte“ ëm 10% eropgesat, bei dësem sougenannte Bereitschaftsbonus vun doheem aus gëtt d’Indemnitéit verduebelt a ganz kuerzfristeg Changementer beim Plang solle kompenséiert ginn, dat gëllt iwwregens fir all concernéiert Staatsbeamten.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Accord relatif au temps de travail et de repos dans la Police grand-ducale
Communiqué par: ministère de la Fonction publique / ministère de la Sécurité intérieure

A l’occasion d’une conférence de presse en date du 17 juin 2019, le ministre de la Fonction publique, Marc Hansen, et le ministre de la Sécurité intérieure, François Bausch, ont présenté les accords qui ont pu être trouvés au sujet du temps de travail et de repos dans la Police et de la compensation de certaines contraintes liées à l’aménagement du temps de travail. Ces accords ont été signés avec les représentants du Syndicat national de la Police grand-ducale (SNPGL), de l’Association du cadre supérieur de la Police (ACSP), du Syndicat du personnel civil de la Police grand-ducale (SPCPG) et de la Confédération générale de la Fonction publique (CGFP).

En tenant compte des missions et contraintes particulières de la Police et des possibilités et limites prévues par la directive 2003/88/CE du Parlement européen et du Conseil du 4 novembre 2003 concernant certains aspects de l’aménagement du temps de travail, les parties signataires se sont accordées sur les modalités de mise en œuvre de la durée hebdomadaire de travail maximale, de la durée journalière de travail maximale, du travail de nuit, du temps de pause, du repos hebdomadaire. D’autre part, il a été retenu d’augmenter la valeur horaire de la prime d’astreinte de 10 %, de doubler le montant de l’indemnité pour astreinte à domicile ainsi que de compenser les contraintes liées à un changement à très court terme d’un plan d’organisation du travail et le travail par équipes successives. Cette dernière partie ne se limite pas aux membres de la Police, mais s’applique à tous les agents de l’Etat concernés.

La pièce maîtresse des accords est le plan de recrutement auprès de la Police qui sera élaboré pour les années 2020 à 2023.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen