PRESSE RTL.lu Elektro-Auto vun der Police krut keng Amende

Mobilitéit – Tesla

Vum François Aulner (Radio) | Update: 18.06.2019 16:24

© RTL Archiv

Dat äntwert den zoustännege Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement.

D’Police, déi mat engem Tesla Elektro-Auto den 22. Mäerz eng Pann hat, krut keng Amende. Dat äntwert den zoustännege Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement.

Dem Code de la Route no muss all Chauffer zu all Moment genuch Carburant hunn, fir bis bei déi nächst Tankstelle ze kommen. Sou wier dat genee geholl just op fossil Energie bezunn. Dem Minister no misst de Code de la Route entspriechend geännert ginn, fir datt och aner Energiequellen ernimmt sinn.

D’Pann vum Police-Tesla am Mäerz war dorobber zeréckzeféieren, datt all 20.000 Kilometer d’Batterie muss op de Minimum entluede ginn, fir kënne Maintenancen ze maachen. Fir ze vermeiden, datt et nees zu sou enger Pann kënnt, hätt d’Police decidéiert, datt d’Autoen an Zukunft an der Géigend vun hiren technesche Servicer entluede ginn, sou nach de François Bausch.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen