Net op Monnerech
RTL | Update: 24.06.2019 11:12

Dat war e Constat e Méindeg de Moien no enger gemeinsamer Sëtzung vun den zoustännege Chamberkommissiounen.
D’Police muss a wäert Leit bäikréien: Dat war e Constat e Méindeg de Moien no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Fonction publique a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung. Bis Enn Juli wëll de Policeminister François Bausch e Recrutementsplang fir déi nächst Jore stoen hunn. Konkret Chiffere gouf et e Méindeg nach keng, wat vun den Deputéierten e bësse bedauert gouf. Fir de Rescht stinn d’Membere vun den zwou Kommissiounen dem rezenten Accord iwwert d’Schaff- a Rouzäite bei der Police positiv géintiwwer.
Donieft war nach gewuer ze ginn, dass déi zukünfteg Policeschoul awer net op Monnerech, mä op de Verluerekascht soll kommen, wuel zesumme mam Policemusée.