Chamberkommissioun
Vum Eric Ewald (Radio) | Update: 24.06.2019 17:44

Virun 1 Woch hunn d’Ministere vun der bannenzeger Sécherheet an der Fonction publique den Accord iwwer d’Aarbechts- a Rouzäiten an der Police presentéiert.
De Méindeg de Moien hunn de François Bausch an de Marc Hansen dunn d’Deputéiert aus den zoustännege Chamberkommissiounen doriwwer an d’Bild gesat.
No där gemeinsamer Sëtzung huet d’Presidentin vun der Kommissioun vun der bannenzeger Sécherheet a vun der Verdeedegung vun engem allgemenge Konsens doriwwer geschwat, dass gutt geschafft gi wär. Fir d’Stephanie Empain goufen an deem Accord déi wichteg Punkten ugeschwat. Der Deputéiert vun déi Gréng no gëtt et dobäi Derogatioune fir de Fall, dass méi Stonne musse geschafft ginn, déi dann och anescht bezuelt ginn.
Déi virgesinne Mesurë missten de Beruff méi attraktiv maachen, huet de Gusty Graas gemengt. Den DP-Vertrieder huet awer d’onreegelméisseg Aarbecht ervirgehuewe vun de Beamten, déi och ni genee hire Programm kënne virgesinn, well ëmmer nees Saache kéinte geschéien an dofir géing hien et gutt fannen, dass een hinnen do entgéintkomm wier. Dat fir de Beruff méi intressant ze maachen an och hiert Familljeliewen ze verbesseren.
Wat de Käschtepunkt vum Accord ugeet, wär deen op am Ganzen 1,8 Millliounen Euro chiffréiert ginn, wouvun 1,2 Milliounen op d’Taux horairen a 600.000 Euro op d’Prime d’astreinte erfale géifen. De Gusty Graas huet an deem Kontext vu vernënftege Chiffere geschwat.
De Leon Gloden dann ass op d’Mesurë fir d’Aarbecht iwwer 10 Stonnen eraus agaangen. An den Ae vum CSV-Deputéierte sinn déi virgesinne Mesurë gutt, och well d’Police ganz spezifesch Funktiounen huet.
Fir de Marc Goergen geséich den Accord positiv aus, well op d’Gewerkschafte gehéiert gi wär. De Vertrieder vun der Piratepartei huet allerdéngs och betount, dass Mëssstänn ze behiewe waren. D’Fro wier nach ëmmer, wéi een et elo géing ëmsetzen.
Den Oppositiounspolitiker huet nach bedauert, dass d’Ministere beim Käschtepunkt vum Accord am Vague bliwwe wären.