PRESSE RTL.lu Invité vun der Redaktioun – Invité vun der Redaktioun (1. Juli) – Pascal Ricquier

Invité vun der Redaktioun – Invité vun der Redaktioun (1. Juli) – Pascal Ricquier

Vum Sascha Georges, Joel Detaille (Radio) | Update: 01.07.2019 08:51

E Méindeg de Moie war de President vun der Policegewerkschaft SNPGL eisen Invité vun der Redaktioun.

E Méindeg de Moie war de President vun der Policegewerkschaft SNPGL eisen Invité vun der Redaktioun.

„600 nei Polizisten iwwert déi nächst 3 Joer géife mol net duer goen…“. Déi Ausso, déi een dach erféiere kann doen, huet de Pascal Ricquier e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun gemeet.

De President vun der Police-Gewerkschaft SNPGL, huet dee Chiffer genannt, a betount, dass hien awer och net genee wéisst, wéi vill et der reell misste sinn.

Et wier kloer, dass déi aktuell uniforméiert Polizisten op alle Fall déi nächst Joren nach missten op Zänn bäissen.

Trotz Accord mat der Regierung iwwert d’Aarbechtszäiten an d’Kompensatioune vu villen Iwwerstonnen, wier de Problem vum Manktem u Personal weiderhi ganz akut.

De Pascal Ricquier huet d’Méiglechkeet an de Raum geworf, dass Leit iwwert den normale Staatsexamen kéinte rekrutéiert gi fir an d’Policeschoul. Respektiv, dass d’Sproochen-Tester sollte beim Opnam-Exame fir an d’Policeschoul op der Säit gelooss ginn. Dat wier nämlech fir vill Kandidaten déi gréisste Barrière, an wärend den 2 Joer an der Schoul géifen d’Sproochen jo och weider behandelt ginn, et géife Prüfungen geschriwwe ginn, an et gëtt och en Ofschloss-Examen.

Et kéint een doriwwer eng Analys maachen, hätt him de Policeminister François Bausch verséchert, sou nach de Pascal Ricquier

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen