François Bausch
RTL | Update: 05.07.2019 11:58

D’Inspection générale vun der Police soll iwwerpréiwen, ob d’Videoiwwerwaachung vun der Police am Aklang mam Dateschutz ass.
Dat schreift de Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de CSV-Deputéierte Laurent Mosar a Gilles Roth. D’Deputéiert wollten ënnert anerem wëssen, op de Minister wëlles hätt, Recommandatioune vun der Dateschutzkommissioun Rechnung ze droen.
An engem Avis vum Mäerz dëst Joer recommandéiert d’CNPD, datt d’Gesetz iwwert d’Missioune vun der Police sollt präziséiert ginn, fir datt et sech och op de Videoiwwerwaachungsprogramm VISUPOL applizéiert.
Hien hätt nach ëmmer eng reservéiert Astellung vis-à-vis vu Videoiwwerwaachung gehat, äntwert de Minister Bausch. D’Videoiwwerwaachung wier nämlech keng Wonnerléisung.
Se misst strikt limitéiert a kloer encadréiert sinn. An deem Sënn hätt hien och d’Generalinspektioun vun der Police mat enger déifgräifender Etude beobtraacht. An dëser Etude soll analyséiert ginn, op déi aktuell Reegele fir d’Videoiwwerwaachung am Aklang si mam neien Dateschutzgesetz.
Iwwerdeems sollt déi aktuell Legislatioun verstäerkt ginn, andeems e spezifesche legale Kader soll geschaf ginn, fir zukënfteg Installatioune vun Iwwerwaachungskameraen. Den Avis vun der Dateschutzkommissioun géif dem Minister seng Iddi vun esou engem spezifesche legale Kader bestäerken.
D’Deputéiert Mosar a Roth wollten och vum Minister wëssen, op hien ausschléisse kéint, datt Persounen, déi duerch Daten, déi vun Iwwerwaachungskamerae gesammelt goufen, incriminéiert goufen, Schuedensersaz vum Staat verlaange kéinten, well dës Beweiser net an engem legale Kader produzéiert goufen. Dorobber äntwert de François Bausch net.
This communication, issued by CLT-UFA S.A. (CLT-UFA), is confidential and we do not waive confidentiality by mistransmission. If you have received it by mistake please notify the sender immediately by reply and then delete it permanently from your system without copying it, using it for any purposes or disclosing its contents to any other person. Thank you for your cooperation. Any views expressed in this message are those of the individual sender and may not necessarily reflect the views of CLT-UFA. Emails are not secure and cannot be guaranteed to be error free as they can be intercepted, amended, lost or destroyed, or contain viruses. Anyone who communicates with us by email is taken to accept these risks.
Links