PRESSE TEL.lu Bausch: „Wéi vill Privatsphär wëlle mer ofginn fir d’Sécherheet?“

Invité vun der Redaktioun (12. Juli)

Vum Sascha Georges (Radio) | Update: 12.07.2019 09:15

Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

E Freideg war de Policeminister François Bausch eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat ass d’Fro, déi ee sech am Kontext vum Dateschutz muss stellen. Dat sot den François Bausch am RTL-Interview.

De Policeminister huet zouginn, datt dat aktuellt Dateschutzgesetz vum August zejoert misst nogebessert ginn.

An datt och nach weider Reglementatioune misste komme, fir d‘ Protektioun an den Ëmgang mat den Date vun de Leit ze verbesseren.

Dat iwwert eng breet an transparent Diskussioun.

De François Bausch erwaart sech och laang an deels hefteg Debatten driwwer an der Chamber.

Et ass eng ganz komplex Matière, ënnersträicht de Minister

Dowéinst bräicht een och eng laang Iwwergangszäit, fir d’Gesetz ëmzesetzen.

Dat kéint a verschiddene Fäll bis 2026 daueren.

Fir de François Bausch wier et och onglécklech gewiescht, datt esou e komplext a wichtegt Gesetz, sou spéit virun der Summervakanz an d’Chamber koum.

Sou wier Drock entstanen, virun de Chamberswahlen am Hierscht.

Esou wichteg Dossiere sollten anescht ugepaakt ginn, da géifen et herno och manner Diskussioune ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen