National – Verkaf vun ale Police-Waffen
Vum Roy Grotz (Radio)|Update: 18.09.2019

Och d’Poliziste selwer kruten offréiert, fir hir Déngschtwaff ze kafen, dat fir e Präis vun 150 Euro.
Ronn 325.000 Euro: dat ass d’Zomm, déi duerch de Verkaf vun eelere Police-Waffen an d’Staatskeese komm ass.
Dës Vente ass am Juli duerch eng ëffentlech Soumissioun geschitt, sou datt d’Revolveren un e professionellen Armurier an Däitschland verkaf goufen.
Esou eng ëffentlech Vente vu Waffen duerch de Finanzministère gouf et bis dato nach keng am Land.
U sech goufen eng 710 Revolvere verkaf, mä dovunner goufen der 360 wéinst Material-Feeler zerstéiert, an e puer koumen der an d’Kollektioun vun der Police, sou dass nach eng 340 Waffe verkaf goufen, dëst fir ronn 960 Euro d’Stéck.
Och d’Poliziste selwer kruten offréiert, fir hir Déngschtwaff ze kafen, dat fir e Präis vun 150 Euro.

Wéi déi gréng zoustänneg Ministeren Tanson a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Baum vun Déi Lénk äntweren, wier ee sech de Problemer mat de Revolvere vum amerikanesche Produzent Smith & Wesson bewosst gewiescht. Net manner wéi 20 verschidde Modeller wieren dann och déi läscht 3 Joerzéngte vun der Police kaf ginn, dat bedéngt duerch de reglementéierte Choix vun der Munitioun.
D’SNPGL hat ewell zanter Joren op d’Problemer mat de Revolvere vum Modell 686 opmierksam gemaach, elo goufen des Police-Waffen duerch däitsch Heckler & Koch-Pistoule vum Modell SFP 9 (Striker Fired Pistol) ersat.
