PRESSE RTL.lu Ze vill Polizisten hunn Accès zum Fichier central

National- Dateschutzkommissioun

Vum Dany Rasqué|Update: 18.09.2019 21:18

VIDEO: 2.000 Beamte hunn Accès op de Fichier Central

De Fichier Central huet eng legal Basis, mä d’Police ass net komplett konform zum Gesetz iwwert den Dateschutz.

De Fichier Central huet eng legal Basis, mä d’Police ass net komplett konform zum Gesetz iwwert den Dateschutz.

Dat geet aus engem Avis vun der Dateschutzkommissioun ervir, deen de Policeminister François Bausch gefrot hat an um Mëttwoch ze Mëtteg public gëtt.

Si appelléiert un d’Police, op enger Rei Punkten nozebesseren, virop bei de ville Polizisten, déi Accès zum Fichier central hunn.

Bal 2.000 Beamte kommen do eran. An den Ae vun der Dateschutzkommissioun ass dat inadequat, wéi et am Avis un de Minister Bausch heescht.

De Christophe Buschmann, Kommissär bei der CNPD: „Et hu vill Leit Accès, déi Leit benotzen deen Accès net all Dag an an deem Fall ass et besser, si hunn den Accès net en permanence. Do geet et vläicht duer, driwwer nozedenken, e Mechanismus ze fannen, wéi se deen Accès ganz séier kënne kréien, wa se e brauchen.
Dat mécht natierlech och d’Kontroll vill méi einfach, fir z’evitéieren, dass do Abuse kënne passéieren. Leit, déi den Accès net hunn, déi kënnen och keen Abus domadder maachen an dat misst deene betraffene Bierger u sech méi Sécherheet ginn, ouni datt d’Police bei hirer Aarbecht ageschränkt gëtt. „


E weideren Aspekt, deen d’Police misst iwwerpréiwen ass déi sougenannten Durée de conservation, dat heescht wéi eng Informatioune gi wéi laang gehale ginn.

D’Donnéeë vu Leit, déi vum Geriicht entlaascht ginn, missten aus dem Fichier verschwannen: „Dat setzt viraus, datt d’Dokumenter vun der Police net nëmme bei d’Justiz ginn, mä datt d’Justiz déi Informatiounen och an déi aner Richtung zeréck gëtt. „Mir hunn enquêtéiert a kommen zur Conclusioun, datt dat do en „non-lieu“ ass“. D’Police muss déi Informatioun hunn, soss ka se net dofir Suergen, datt déi Informatiounen erausgeholl ginn.“

Et lafen Diskussiounen, fir datt dat iergendwann eng Kéier op eng automatesch Manéier gemaach gëtt, bis datt dat klappt, recommandéiert d’CNPD dat manuell ze maachen.

D’Police wier net komplett konform mam Gesetz, dat viru méi wéi engem Joer a Kraaft getrueden ass. Dat misst elo sou séier wéi méiglech nogeholl ginn.

Dofir gëtt bei der Police e Comité de suivi ad hoc geschafen, an deem och d’CNPD vertrueden ass. Dee Comité kënnt an deenen nächste 14 Deeg eng éischte Kéier zesummen.
E puer Zuelen
D’lescht Joer hunn eng 1.100 Persounen der CNPD eng Demande geschéckt, fir Renseignementer ze kréien, dat ass duebel esou vill wéi dat Joer virdrun.

A ville Froen goung et ëm d’Konformitéit zum neien Dateschutzgesetz, ëm d’Videoiwwerwaachung an d’Rechter vun de betraffene Leit.

Dat geet aus dem Joresrapport vun der Dateschutzkommissioun ervir.

D’Zuel vun de Reklamatiounen ass och ëm méi wéi dat Duebelt an d’Luucht gaangen a louch zejoert bei 450.

D’CNPD huet zejoert 172 Verstéiss géint d’Gesetz festgestallt. A méi wéi der Halschent vun de Fäll, war e mënschleche Feeler Schold. Ronn all drëtte Verstouss war awer e béiswëllegen Akt.

Schreiwes vum Gouvernement

François Bausch remercie la Commission nationale à la protection des données pour son rapport qui aidera à éliminer toutes les failles relatives à la protection des données à caractère personnel (18.09.2019)

Communiqué par: ministère de la Sécurité intérieure

Le ministre de la Sécurité intérieure, François Bausch, tient à remercier la Commission nationale à la protection des données (CNPD) pour son travail rapide et détaillé ainsi que pour les recommandations formulées dans son rapport publié à ce jour. Beaucoup d’entre elles rejoignent et complètent les analyses et constats du ministre et de ses collaborateurs au cours des derniers mois.
Il est évident que la loi du 1er août 2018 constitue le cadre légal général pour les fichiers de police. La licéité du traitement n’est donc pas remise en cause. La CNPD constate cependant, et le ministre partage entièrement cette vue, qu’il n’existe que 5 pays en Europe (ainsi que deux pays qui n’ont pas encore transposé la législation sur la protection des données) qui n’ont à ce jour pas créé un cadre législatif spécifique ou mis en place des mesures d’exécution dédiées pour les traitements de données à caractère personnel effectués par la police.
Les travaux préparatifs ayant déjà débuté il y a deux mois, François Bausch et ses services veulent finaliser rapidement ce dossier. Parallèlement au nouveau projet pour une loi-cadre relative à la vidéosurveillance, qui sera présenté à la Chambre des députés le 3 octobre et soumis au Conseil de gouvernement le 11 octobre, le ministre de la Sécurité intérieure souhaite élaborer jusqu’aux vacances de Noël un projet de loi qui prendra en compte les recommandations de la CNPD. De surcroît, l’avis que le ministre avait demandé à l’IGP sur le même sujet, sera publié fin octobre et aura évidemment aussi un impact sur le futur projet de loi.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen