PRESSE RTL.lu D’Aarbecht vun der Police ass dacks net konform mam Dateschutzgesetz, sou d’CNPD

National- Fichier Central

Vum Maxime Gillen (Radio)|Update: 26.09.2019 08:47|

E Mëttwoch war déi éischt Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun, nodeems de Rapport vun der Dateschutzkommissioun lescht Woch virgestallt gouf.

De Policeminister François Bausch wier e Mëttwoch de Moie ganz zefridde gewiescht mam Rapport vun der Dateschutzkommissioun CNPD. An dat, obschonns an deem Rapport steet, dass d’Police a ville Fäll net konform wier mam Dateschutzgesetz – e Gesetz, dat schonns uganks 2018 a Kraaft getrueden ass.

Fir dat ze änneren, misst awer gréisstendeels net nei legiferéiert ginn, esou de François Bausch: „Op zwee verschiddenen Niveaue musse mir schaffen. Dat eent ass de legislative Kontext. Do hunn ech mir jo bis den Dezember ginn, fir déi grouss Linne stoen ze hunn, dat heescht, wou mir nach musse Gesetzer nobessere goen. An dat zweet ass awer dat, wat mir direkt musse maachen.“

Domat sinn all déi Mesure gemengt, déi net mussen am Gesetz néiergeschriwwe ginn, an déi vun elo u kënnen ëmgesat ginn. Dozou gehéiert zum Beispill, dass e Parkprotokoll nëmme nach esou laang gespäichert gëtt, bis e bezuelt ass.

D’Delaien, wéi laang Donnéeë gespäichert ginn, sollen herno am Gesetz festgehale ginn. Ma de Minister wëll dass dës awer och elo schonn an der Praxis applizéiert ginn. Wéi laang déi Delaie wäerte sinn, misst och mat der Justiz zesumme gekuckt ginn. Net dass um Enn Informatiounen, déi kéinte wichteg si fir d’Opkläre vun aneren Affären, verluer ginn. Iwwerhaapt géif och gekuckt ginn, dass Police a Justiz an Zukunft besser zesummeschaffen, sot d’Justizministesch Sam Tanson: „D’Police gëtt hir Donnéeë weider un d’Justiz. Déi mécht hir Aarbecht, déi jo no der Enquête kënnt. An da kënnt net méi zeréck bei d’Police, ob d’Affär elo ofgeschloss ass, ob en Uerteel komm ass, asw. Do geet elo e Freideg déi éischt Phas u vun dem Test, fir schonn en Deel vun den Informatiounen zeréck erëm bei d’Police ze ginn, wat dann och der Police erëm erlaabt, eng ganz Rëtsch Informatiounen z’effacéieren, déi si bei sech hunn.“

D’Oppositioun huet sech iwwerdeems bestätegt gefillt vun der CNPD, déi hir Revendicatioune vun de leschte Méint eent zu eent ënnerstëtzt hätt, esou den CSV-Deputéierte Gilles Roth.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen