PRESSE RTL.lu 3 an en halleft Joer Prisong deels mat Sursis a Geldstrof fir Polizist gefrot

National – Virfall a Stater Disko

Vum Eric Ewald|Update: 26.09.2019 18:53

Dat huet de Vertrieder vum Parquet um Mëttwoch um Stater Geriicht fir e suspendéierte Polizist gefrot.

Deen hat de Prozess gemaach kritt wéinst engem Virfall, am November 2016, an enger Stater Disko. De Beschëllegten hat deemools en anere Polizist sou zerschloen, dass dem Affer no Sequellë bloufen. Fir de Procureur d’Etat adjoint bräicht d’Gesellschaft d’Zeechen, dass dat, wat geschitt ass, bestrooft gëtt.

E Virsaz hätt net virgeleeën, mä et wär Zoufall gewiescht, dass déi zwee Poliziste viru knapp 3 Joer openee getraff sinn, sot de Vertrieder vum Parquet um Ufank vu sengem Requisitoire. Den Ugekloten hätt a sengem Possessiounsrausch net wëlle wouer hunn, dass d’Relatioun mat senger Ex-Frëndin op en Enn war, eng Ex-Frëndin, déi du mat deem anere Polizist zesumme war. Dowéinst wär de Beschëllegten direkt op Konfrontatioun aus gewiescht, hätt en 1. Coup, vun hannen, op de Kapp ginn, dem Affer dono weider op de Kapp an an d’Gesiicht geschloen a sech nach emol lassgerappt, obwuel Leit dotëscht goungen. D’Affer hätt duerch d’Schléi eng permanent Gêne dovu gedroen, soudass d’Circonstance aggravante vun der „Maladie paraissant incurable“ zréckzebehale wär.

De Me Rosario Grasso, Affekot vum Ugekloten, huet dogéint drun erënnert, dass enger Geriichtsmedezinerin no keng Sequellë virléichen, déi net ze heele wären; vu Circonstance aggravante kéint deemno net Rieds sinn. D’Videobiller wäre kloer, an d’Aggressivitéit, déi doraus ervirgeet, géif net gutt ausgesinn, huet de Me Grasso zouginn. De Client hätt sech net ënner Kontroll gehat, well seng Ex-Frëndin mat deem anere Polizist do war a well d’Fra näischt méi vun him wollt. Fir den Affekot wär déi gefuerdert Prisongsstrof awer disproportionéiert.

De Me Philippe Penning, Affekot vum Affer, hat vun enger exzeptioneller Affär geschwat, well hei e Polizist un e Polizist goung a wéinst der impressionnanter Gewalt, déi am Spill war. D’Affer wär am Gaangen, dat Ganzt ze verschaffen, ma et géif Nowéie ginn: De Mann, deen zwee Joer an 9 Méint am Krankeschäi war, hätt ë.a. e béise Knacks a senger Karriär erlidden.

D’Uerteel ass fir den 10. Oktober.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen