Vum Christophe Hochard (Télé), Dany Rasqué (Radio), k2 (RTL.lu)|Update: 14.11.2019 19:45|30 Commentaire(n)
30 weider Poliziste sinn op der Gare an der Stad am Asaz.
Geet et dem Policeminister François Bausch no, géifen esouguer nach méi Beamten op d’Stater Gare kommen.
Zanter e puer Woche sinn eng 30 Policebeamte méi am Garer-Quartier an der Stad am Asaz. Dëst sinn, nieft 20 Polizisten, och aacht Leit vun der Police judiciaire an zwee Enquêteuren. An dës Policepräsenz um Terrain hätt och scho seng éischt Friichte gedroen. Wichteg wär et, de Leit aus dem kriminelle Milieu kloer ze maachen, datt si hei zu Lëtzebuerg keng Plaz hunn. Dës Mesuren dierften allerdéngs kee Provisorium sinn, esou de François Bausch an der Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet .
Fir d’Police wär et och wichteg, kënnen op d’Hëllef vun der Kameraiwwerwaachung zréckgräifen. An deene nächsten 3 Joer solle bal 900 Polizisten rekrutéiert ginn.