National -Force Publique Vum Pierre Jans (Radio), Jeannot Ries (Télé)|Update: 27.11.2019 07:48
En Dënschdegowend goufen et schaarf Téin vum Beruffssyndicat vun der Force Publique. D’SPFP fuerdert de Récktrëtt vum Chef d’Etat Major vun der Arméi.
Blat gouf kee virun de Mond geholl. Den Appell war kloer: d’Politik, ob Regierung oder Oppositioun, misst reagéieren. Am Viséier stoungen hei d’General Direktioun, respektiv déi regional Direktere vun der Police.
D’Police géif den Ament kollabéieren, sot de President Pascal Ricquier um Conseil des Délegués vum Beruffssyndicat vun der Force Publique. D‘Policebeamten an alle Servicer uechtert d’Land géifen drastesch Iwwerstonne maachen. Hir Sécherheet an déi vun de Bierger wär net méi garantéiert.
Den SPFP reprochéiert der Generaldirektioun an de regionalen Direktiounen nieft “Schwachsinn an Inkompetenz“ och Ligen. A sämtleche Servicer sinn d’Zuele vun den Iwwerstonnen erschreckend a virun allem illegal. Op ville Plaze goufen d’Zuele gefakt, fir datt et gutt ausgesäit, fir virum Ministère gutt do ze stoen, sou de Pascal Ricquier, President vum Beruffssyndikat vun der Force Publique. Verschidde Polizisten hätten net méi ewéi 5 Stonne geschlof.
Wat d’Arméi ubelaangt, sou gouf kloer festgehalen, datt et fir jonk Leit mat enger 11ème, respektiv enger 3ème, net méi attraktiv wier, sech um Härebierg z’engagéieren. Et géif u Perspektive feelen. De Beruffssyndicat wollt pro-aktiv matschaffen, hätt awer gelangweilt Administratiounscheffe vis-à-vis vu sech sëtze gehat.
„Wann d’Arméi sou weider fiert wéi haut, a just nach Leit fir déi ënnescht Karriäre rekrutéiert, well et fir anerer mat méi Schoule kee Sënn mécht, wäert d’Arméi Lëtzebuerg an Zukunft net méi mathale kënnen op internationalem Plang“, sou de Pascal Ricquier.
Eng méi attraktiv Arméi – dat géif och heeschen, nees Karriären iwwert den Härebierg ze rekrutéieren, sou wéi dat fréier de Fall war. Een nom anere sinn d’Gewerkschaftsvertrieder vun Douane, Giischtercher, Bréifdréier, Agents Municipaux um Riednerpult defiléiert, fir dee Virschlag z’ënnerstëtzen.
De Michel Block, President vun der Associatioun Agents Pénitentiaires, huet d’Fro gestallt, wisou d’Arméi den Zaldote keng Méiglechkeet bitt, fir datt ee mat enger 11ème eng Première nohuele kann? Duerch sou gezielt Ännerunge kéint d’Lëtzebuerger Arméi vill méi intressant ginn an eng Rëtsch Leit méi uschwätzen.
D’SPFP fuerdert de Récktrëtt vum Chef d’Etat Major vun der Arméi
D’Gewerkschaft reprochéiert him, hire Vizepresident a President vun der Arméisgewerkschaft Christian Schleck wéinst deem senge syndikalen Engagementer versat an ënner Drock gesat ze hunn. Fir den Intressi vun hiren iwwer 3.000 Memberen ze verdeedegen, wäert d’SPFP an Zukunft géint all Verstéiss Kloe géint Gesetzestexter op den zoustännege Geriichter deposéieren.

