National- Versat wéinst Gewerkschaftsaktivitéit
Vum Claudia Kollwelter (Radio), Maxime Gillen (Télé), k2 (RTL.lu)|Update: 02.12.2019 18:54
Ganz kritesch geet d’Staatsbeamtegewerkschaft mat der Regierung ëm, déi, am Fall Christian Schleck, net der Konventioun no gehandelt huet.
Ganz kritesch geet d’Staatsbeamtegewerkschaft mat der Regierung ëm, déi, am Fall Christian Schleck, net der Konventioun no gehandelt huet.
D’Fanger wësch vun de gewerkschaftleche Fräiheeten! Dat fuerdert d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, déi e Méindeg de Mëtteg un Hand vun engem konkrete Beispill duerleeë wollt, datt d’Lëtzebuerger Regierung géint eng bestoend Konventioun vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun géif verstoussen.
Schonn am Mee war de Fall Christian Schleck e Sujet. De President vun der Arméisgewerkschaft soll der CGFP no wéinst senge Gewerkschaftsaktivitéite berufflech versat ginn. Déi Prozedur wier elo ugelaf an de Concernéierte kéint senger gewerkschaftlecher Aarbecht domat net méi nokommen, betount de President vun der CGFP Romain Wolff.
Mir soen däitlech hei: Hei gëtt d’Liberté syndicale a Fro gestallt! An ech soen awer och ganz kloer: Et geet eis elo definitiv duer, awer definitiv! Esou geet ee net mat engagéierte Leit ëm.

D’Konventioun, déi 2001 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, misst voll a
ganz vun der Regierung respektéiert an agehale ginn, seet d’CGFP, déi
och eng kloer Fuerderung un den zoustännege Minister François Bausch
huet.
Mir hätten do gär e kloert Bekenntnis zu de libertés
syndicales a ganz spezifesch hätte mer natierlech gär, datt déi
Konventioun agehale gëtt an datt den Här Schleck natierlech och op deem
Posten, wou hie war, wat de Rekrutements-Posten ass, deen en och gutt
gemaach huet, och ka bleiwen an net op e Poste kënnt, wou hie senge
gewerkschaftlechen Tätegkeeten net méi kann nogoen.
Sollt d’Regierung net op d’Fuerderunge vun der CGFP agoen, huet d’Staatsbeamtegewerkschaft kloer Pläng:
Falls
sech näischt deet, dann wäerte mir ufanks nächst Joer eng schéin, awer
impressionnant Manifestatioun fir d’Garantie vun der liberté syndicale
zu Lëtzebuerg organiséieren.Donieft consideréiert d’CGFP virum internationalen Aarbechtsamt zu Genève an dëser Affär ze kloen.