PRESSE RTL.lu Henri Kox: All gewerkschaftlech Fräiheete gi respektéiert!

National Reaktioun op CGFP

Vum Claudia Kollwelter (Radio)|Update: 03.12.2019 17:13|

Den Henri Kox huet en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber betount, dass all gewerkschaftlech Fräiheete géinge respektéiert ginn.

An der Froestonn wollten esouwuel déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain, wéi och den CSV Deputéierte Gilles Roth Detailer, wat d’Affär Schleck ugeet, gewuer ginn, an där d’Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg en Ultimatum gestallt huet.

Den delegéierte Minister fir bannescht Sécherheet huet ënnerstrach, datt et sech hei net ëm eng Versetzung géif handelen, wéi d’CGFP dat behaapt, mä ëm e géigesäitegen Accord, vue datt e gemeinsame Pabeier ënnerschriwwe gouf. Donieft géif de neie Poste vum Christian Schleck, am Büro vun der Arméi an der Stad, him och weider erlaben, gewerkschaftlech aktiv ze bleiwen. Den Henri Kox huet den Deputéierten an der Chamber och e Bréif vum Generol vun der Arméi deposéiert, fir komplett transparent ze sinn an där Affär.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen