PRESSE RTL.lu 110 Joer CGFP bei dëser Conférence des Comités gefeiert

National -Fonction Publique

Vum Jeannot Ries (Télé)|Update: 10.12.2019 06:08|

110 Joer CGFP bei dëser Conférence des Comités gefeiert

110 Joer Syndikalismus vun der Fonction publique huet um Méindeg d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP mat hiren Ënnerorganisatioune gefeiert.

Et gouf Eenegkeet demonstréiert, an de Message, dass jiddereen, dee sech mat hir wéilt uleeën, sech waarm sollt undoen.

Et war am Joer 1909 wei d’AGF, den allgemengen Veräin vun de Staatsbeamten gegrënnt gi war, 1967 ass dorausser déi heiteg CGFP entstan.

Sie gëllt als déi Gewerkschaft, déi duerch hir grouss Memberszuel vu potentielle Wieler mat am meeschten Afloss op d’politesch Decisiounen am Land huet.

Et gouf Eenegkeet demonstréiert, an de Message, dass jiddereen, dee sech mat hir wéilt uleeën, sech waarm sollt undoen.

Dat gëllt beispillsweis och am Fall Christian Schleck, wou en Ultimatum un d’Regierung e Méindeg de Mëtteg ouni Äntwert vun dëser op en Enn gaange wier.
Dass de Christian Schleck, de President vun der Arméis-Gewerkschaft SPAL intern an der Arméi versat gouf, geet fir d’CGFP jo kloer géint déi gewerkschaftlech Fräiheeten.

Et hat een d’Regierung dofir opgefuerdert déi Versetzung nees réckgängeg ze maachen. Et hätt een och eng Preuve vum Bréif gewollt, dee vum Minister Kox d’lescht Woch an der Chamber zitéiert gi war, an an deem den Här Schleck ausgedréckt soll hunn, dass hien mat senger Versetzung averstane wier.

D’CGFP stellt d’Existenz vun deem Schreiwes oppen a Fro, ma eng Äntwert vu Regierungssäit gouf et bis dato, wéi gesot, nach ëmmer net. D’Gewerkschaft wéilt den Dossier elo bei d’ILO schécken, déi international Aarbechtsorganisatioun zu Genève, déi dann soll tranchéieren.

D’CGFP huet e Méindeg dann och en Appell un d’Regierung adresséiert, de Bewäertungssystem an der Fonction publique nees ofzeschafen. Esou eppes hätt am ëffentlechen Déngscht einfach näischt verluer, sot de Generalsekretär Steve Heiliger, deen och annoncéiert huet, dass am Kader vun de Verhandlungen iwwert en nächste Gehälteraccord, fir d’CGFP kee Wee laanscht d’Hausse vum Punktwäert geet.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen