RTL|Update: 14.12.2019 12:06

Dëse Kodex wier awer nach e „Work in Progress“, dee konstant misst ugepasst an ausgebaut ginn.
Jiddereen d’selwecht a mënschewierdeg behandelen, integer an onvirageholl sinn, an déi néideg Aarbechtsmoral un den Dag leeën. Dat sinn d’Haaptprinzipien, un déi sech all Polizist muss halen an déi elo eng éischte Kéier an engem Deontologieskodex festgehale goufen. Dëse Kodex wier awer „Work in Progress“ a misst konstant ugepasst ginn, esou de Minister fir bannenzegt Sécherheet, François Bausch, deen dat neit Reegelwierk presentéiert huet.
Net nëmmen, dass een am europäesche Kader opgefuerdert gouf en Deontologieskodex opzesetzen, ma et wier him och perséinlech wichteg gewiescht, dass eng Kéier kloer festgehale gëtt, u wéi eng Grondprinzipien sech all eenzele Polizist muss halen, esou de François Bausch.
„Et ass scho wichteg, dass ëmmer erëm sensibiliséiert gëtt op deem Sujet hei. D’Polizisten hunn eng immens Responsabilitéit an eiser Gesellschaft. An datt se iwwert dee Code hei e klore Kader hunn, deen och no bausse visibel ass, wou de Bierger och kann noliesen, wéi sinn dann déi deontologesch Reegelen, datt de Bierger weess, wéi den Ëmgang ze sinn huet.“
De Code de deontologie gouf vun der Policeinspektioun, zesumme mat der Policedirektioun, dem Ministère, de Gewerkschafte, genee wéi mat engem externe Beroder ausgeschafft. E Beroder, mat enger wichteger Funktioun, esou de François Bausch.
„Et ass fir mech wichteg gewiescht, dass mer en externe Consultant haten. Éischtens well deen eng neutral Positioun huet, dat heescht dee konnt e bëssen iwwert deem Ganze stoen. Deen huet och moderéiert. Et war mir awer wichteg, dass et e Consultant ass, deen och an etheschen an deontologesche Froen Doheem ass, dat heescht deen do eng Expertise huet. An dat huet sech och erwisen an deene ganzen Aarbechtsgruppen a Plenièren, dass dat villes méi einfach gemaach huet an der Diskussioun.“
An dës Charge huet de fréiere Generalvikar Erny Gillen iwwerholl.
„Et ass am Kader, wou ee seet, mäi Beruff ass mir eppes wäert. Do muss ech och kënne soen, firwat ass dee Beruff mir eppes wäert? Wat sinn déi Wäerter, zu deenen ech stinn? An d’Polizei gëtt dorunner gemooss. Also et ass eng normal Evolutioun an eiser Gesellschaft, dass ëmmer méi Professiounen, déi wëlle weisen, dass se wierklech och Wäerter hunn, dat ausdrécken.“
Nei am Kodex ass zum Beispill eng confidentiel Instanz, déi Froen zur Interpretatioun vun den Deontologie-Reegele beäntwert. Ausserdeem gëtt et e Paragraph, an deem kloer festgehalen ass, dass keen dierf bestrooft oder diskriminéiert ginn, wann een en Dysfonctionnementer bannent der Police gemellt huet.