President vun Arméisgewerkschaft Spal
RTL|Update: 06.01.2020 21:50

De Christian Schleck gëtt net versat, dat huet den Arméi-Minister François Bausch dem 100komma7 confirméiert.
De Concernéierten hätt seng Bedenke géint eng Versetzung am Delai eraginn, sou heescht et weider. De Christian Schleck soll sech bis op Weideres nëmmen ëm de Kontakt mat de Rekrutte këmmeren. Bei der Arméi-Gewerkschaft SPAL war een zanter e puer Méint opbruecht, well de President wéinst gewerkschaftlechem Asaz en anere Posten an der Arméi sollt kréien.
Den Etat Major vun der Arméi huet séier op dës Reprochë geäntwert a geschriwwen, datt d’gewerkschaftlech Fräiheete géife respektéiert ginn. An der Arméi géif et awer zënter laangem e Rotatiouns-Prinzip beim Militär-Personal ginn, d’Zyklen hätten 3 bis 5 Joer.
Och d’Gewerkschafte SPFP an CGFP hate sech an dësem Sträit zu Wuert gemellt an et gouf esouguer d’Demissioun vum Chef d’Etat-Major Alain Duschène an de Raum gestallt.