PRESSE RTL.lu Gewerkschaft fuerdert weiderhin de Récktrëtt vum Alain Duschène

SPFP RTL|Update: 14.01.2020 06:24

D’Arméi- a Policegewerkschaft SPFP ass weiderhin alles anescht wéi zefridden, wéi sech déi ominéis Causa Schleck entwéckelt huet.

Den Dossier wier wäit dervun ewech, fir zougemaach ze ginn, heescht et an engem Schreiwes vum Syndikat vun e Méindeg de Mëtteg.

Wann den zoustännege Minister Bausch géif behaapten, dass „de Christian Schleck net versat géif ginn an op sengem Posten an der Arméi kéint bleiwen, da wier dat esou net richteg“, ass ze liesen.

PDF: Pressecommuniqué vum 13. Januar 2020

Hie wier nämlech am September zejoert schonn am Rekrutéierungs-Büro vun der Arméi versat ginn, an hätt bis haut keen eegenen Schreifdësch.

Fir d’SPFP ass et och weiderhi kloer dass déi ganz Affär den Zweck hat, fir de Christian Schleck a senge gewerkschaftlechen Aufgaben ze limitéieren, an dofir wéilt een och weiderhin déi international Aarbechts-Orgainsatioun IAO zu Genève mam Dossier befaassen.

Och un der Récktrëttsfuerderung vum Chef détat Major Alain Duschène , gëtt festgehalen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen