PRESSE Radio 100,7 SPFP fuerdert Récktrëtt vu Ministere Bausch a Kox

05. Feb 2020 – 12:00

De Syndicat vun de Forces publiques SPFP gëtt net op an d’Affär Christian Schleck spléckt weiderhin d’Arméi, obwuel de President vun der Arméigewerkschaft Spal säi Poste behält. Den Dënschdeg den Owend huet den Daachverband vu Police- an Arméigewerkschaft SPFP, nieft dem Récktrëtt vum Chef d’Etat-Major och dee vum Arméisminister François Bausch a sengem bäigeuerdente Minister Henri Kox gefuerdert. Eng Äntwert, wéini et bei der Arméigewerkschaft zu enger Assemblée générale géif kommen, wou en neie Comité kéint gewielt ginn, wollt een awer net ginn.

Michèle Sinner / cz

Pascal Ricquier, Christian Schleck, Marc Kohnen
Pascal Ricquier, Christian Schleck, Marc Kohnen (Foto: Archiv)

An dowéinst koum et um Enn vun der Informatiounsversammlung, op déi eng 60 bis 80 Leit komm waren, zum Eclat. De Claude Guden, dee mat anere Membere wéinst der Récktrëttsfuerderung géint de Chef d’Etat-Major Alain Duschène Enn d’lescht Joer aus dem Comité vum Spal zeréckgetruede war, ass opgestanen. Hie wollt vum Christian Schleck wëssen, wéini eng Assemblée générale géif ofgehale ginn. Doropshi sot de Pascal Ricquier, President vum SPFP:

„Här Guden, ech wäert fir den Här Schleck äntweren. Mir sinn hei SPFP an hei gi keng Froen vum Spal gestallt a mir wäerten och keng Froen vum Spal beäntweren. Dir kritt zum Zäitpunkt, wou et dann eben ass, kritt dir geäntwert, mee dir kritt net haut hei geäntwert.“

No der Versammlung huet de Claude Guden op Nofro erkläert:

„Majo mir hunn de 16. Dezember en ageschriwwe Bréif gemaach, wou mer méi wéi ee Fënneftel vun de Memberen vum Spal haten, wou mer gefrot hunn eng Assemblée extraordinaire vum Spal ze maachen, déi mer awer bis haut net accordéiert kritt hunn.“

Onkloer, wéini en neie Spal-Comité gewielt gëtt

Dobäi hunn déi demissionär Comités-Memberen en Avis juridique vun der CGFP zur Fro, ob de Spal net muss eng Assemblée extraordinnaire an engem gewëssen Delai ofhalen. Deen Avis seet laut Claude Guden, datt „no Geflogenheeten“, normalerweis bannent engem Mount eng AG misst aberuff ginn. Deen Delai wier „awer laang eriwwer“, sou de Claude Guden.

De Comité vum Spal besteet de Moment just nach aus dräi Memberen. Bei Neiwale géif de Christian Schleck méiglecherweis net méi zeréck an de Comité gewielt a géif seng Positioun als Vertrieder vum Personal verléieren. Op Nofro, op de President vum Spal net selwer kéint soen, wéini déi vun de Membere gefroten Assemblée wier, sot de Christian Schleck: „Dozou kënne mer zu engem aneren Zäitpunkt Stellung huelen. Dat ass net den Owend.“ Op d’Fro, wéini deen Zäitpunkt wier, äntwert de Christian Schleck: „Dat kritt der zäitno matgedeelt.“

Do virdrun hate sechs Leit vum SPFP, y inclus de Christian Schleck an de Pascal Ricquier wärend méi wéi zwou Stonnen hir Versioun vum Werdegang vun der Affär em dem Christian Schleck seng Reaffektatioun erzielt. Wierklech nei Informatioune sinn dobäi net op den Dësch komm. Opgefall ass, datt net erkläert gouf, firwat de Christian Schleck op dem Posten um Bureau d’Orde auxilliaire, op deen hie sollt versat ginn, seng Aarbecht als Gewerkschafter net méi hätt kenne maachen. Dozou sot hie just: „Do ginn ech net elo an den Detail.“

Ass eng Enquêtëkommissioun vun der Chamber néideg?

Déi ganz Prozedur fir d’Versetzung vum Christian Schleck wier illegal gewiescht, huet et geheescht. Eng Enquêtëkommissioun misst dat ënnersichen. Ob domat eng Enquêtëkommissioun vun der Chamber gemengt wier, konnt de Pascal Ricquier dono net soen.

„Dat muss d’Politik kucken, wéi déi opgestallt gëtt. Et ginn esou Enquêtëkommissiounen. Dat gëtt vun der Politik aus gemeet.“

Op d’Politik ass de Pascal Ricquier awer net gutt ze schwätze gewiescht. A senger Conclusioun sot hien, datt de Generol elo laang genuch Zäit gehat hätt fir ofzetrieden, „fir gutt aus der Affär eraus ze kommen“, an „lo fuerdere mer, datt de Minister en ofsetzt. Wa mer da scho bei de Ministere sinn […] D’Ministeren hunn esou versot, datt mir elo och de Récktrëtt vun de Ministere fuerderen.“

D’nächst Woch géife Plaintë beim Bureau international du travail zu Genève deposéiert ginn. Mee och op Basis vum droit pénal militaire géint de Chef d’Etat-major Alain Duschène an aner Leit an der Arméi, déi – Zitat – Volksverhetzung géint de Christian Schleck gemaach hätten.

CGFP wosst näischt iwwer weider Récktrëttsfuerderung

De Verteidegungsminister François Bausch a säi bäigeuerdente Minister Henri Kox kommentéieren d’Récktrëttsfuerderung géint si vum SPFP net. Den Dossier wier ofgeschloss an et wier alles gesot ginn, sou d’Spriecherin. D’Staatsbeamtegewerkschaft war am Virfeld net iwwer dës Récktrëttsfuerderung informéiert gewiescht. D’CGFP géif d’Fuerderung elo analyséieren an de Fall gesat driwwer kommunizéieren, heescht et op Nofro hin. Wéini dat soll sinn, ass den Ament nach net gewosst. Den SPFP huet donieft gëschter och d’Récktrëttsfuerderung géint de Chef d’État-Major Alain Duchène widderholl.

Source 100komma7.lu

Lauschteren 100komma7.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen